Och beim DutchGP ass Ducati am Qualifying an am Sprint vir. Ma Aprilia, KTM a souguer Yamaha mam Fabio Quartararo kënnen awer gutt mathalen.

Mat engem neie Ronnerekord hëlt sech de Marco Bezzecchi d'Pole Position virun zwee weideren Ducati-Fuerer aus der VR46 Akademie. Déi zweet Startrei deelen sech dann déi weider Hiersteller op. Just Honda, bei deenen de Marc Marquez seng 14. Chute a 5 Courssen hat, ass net vertrueden.

Mat engem gudde Start setzt sech de Francesco Bagnaia un d'Spëtzt, ma dës Kéier kritt de Weltmeeschter sech net ofgesat. Ënnert de Verfolger ginn et spannend Positiounskämpf, bis dass de Polesetter no engem flotten Duell mam Bagnaia an der 4. Ronn d'Féierung iwwerhëlt a sech zu senger éischter Victoire am Sprint ofsetzt.

DutchGP: De Marco Bezzecchi dominéiert d'Konkurrenz
Och beim DutchGP ass Ducati am Qualifying an am Sprint vir. Ma Aprilia, KTM a souguer Yamaha mam Fabio Quartararo kënnen awer gutt mathalen.

Qualifying vun der Moto2

An der leschter Ronn huet den Alonso Lopez ëm grad emol 9 Dausendstel dem Jake Dixon d'Pole vun der Moto2 ewechgeholl. De Vizeweltmeeschter Ai Ogura packt et endlech nees an eng éischt Startrei, wärend de Pedro Acosta nëmme 6. gouf an den Tony Arbolino vu Plaz 10 start.

Qualifying vun der Moto3

Gréisser Iwwerraschunge goufen et iwwerdeems an der klengster Kategorie. De Spuenier David Muñoz hëlt seng éischt Pole, den Ivan Ortola bleift mat technesche Problemer am Q1 hänken a mam Daniel Holgado start de Leader vun der WM vun der leschter Positioun.

D'Resultat vum Sprint

1 Marco Bezzecchi Mooney VR46 Ducati 20'09.174
2 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +1.294
3 Fabio Quartararo Monster Yamaha +1.872
4 Aleix Espargo Aprilia Racing +2.245
5 Brad Binder Red Bull KTM +4.582

De Qualifying

MotoGP
1 Marco Bezzecchi Mooney VR46 Ducati 1'31.472
2 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +0.061
3 Luca Marini VR46 Ducati +0.158
4 Fabio Quartararo Monster Yamaha +0.199
5 Brad Binder Red Bull KTM +0.232
6 Aleix Espargo Aprilia Racing +0.340

Moto2
1 Alonso Lopez Beta Tools Speedup 1'36.247
2 Jake Dixon Polar Cube GasGas +0.009
3 Ai Ogura Idemitsu Honda +0.054

Moto3
1 David Muñoz BOE Motorsports 1'41.181
2 Joel Kelso CFMoto +0.291
3 Riccardo Rossi SIC8 Squadra Corse +0.329