Francesco Bagnaia baut Féierung am General aus

© AFP
Den Italieener gewënnt d'Course zu Assen virum Marco Bezzecchi op der zweeter Ducati an dem Aleix Espargaro.
Nodeems de Marco Bezzecchi de Sprint um Samschdeg virum Francesco Bagnaia gewonnen hat, war de Bagnaia an der Course de Séiersten an distanzéiert de Bezzecchi op déi zweet an den Aleix Espargaro op déi drëtt Plaz. De Brad Binder klasséiert sech als Véierte virum Jorge Martin.
De Bezzecchi hat sech beim Start nach virun de Bagnaia gesat, mee no e puer Tier huet de Weltmeeschter d'Féierung iwwerholl an ass d'Course duerno ouni grouss Problemer op en Enn gefuer. Hannendru war et e Véiererkampf tëscht dem Marco Bezzecchi, dem Brad Binder, dem Aleix Espargaro an dem Jorge Martin ëm déi lescht zwou Podiumsplazen an déi véier Fuerer sinn an engem Ecart vun nëmmen enger Sekonn iwwer d'Ligne d'arrivée gefuer.
De Brad Binder war eigentlech als Drëtten iwwer de wäisse Stréch gefuer, krut awer nodréiglech eng Strof, well hien am leschten Tour an enger Schikan ofgekierzt hat a gouf op d'Plaz 4 strofversat.
Fir de Fabio Quartararo, deen am Sprint um Samschdeg nach op déi drëtt Plaz gefuer war, war no engem Crash mam Johann Zarco am véierten Tour scho fréi aus der Course. Och fir den Jack Miller war d'Course séier eriwwer, an dat schonn no zwee Tier.
Am Generalklassement kann de Bagnaia seng Avanve op de Jorge Martin op 35 Punkten ausbauen. De Marco Bezzecchi ass elo Drëtten an de Brad Binder ass neie Véierten. Fënneften ass de Johann Zarco, deen an Holland keng Punkte sammele konnt.
An der Moto2 konnt den Jake Dixon säin éischte Grand Prix iwwerhaapt gewannen. De Britt konnt seng Freed no der Course net zeréckhalen an huet senger Ekipp a senger Famill Merci gesot fir déi grouss Ënnerstëtzung an de leschte Joren. Um Ufank vun der Course louch den Dixon nach op Plaz 3 a konnt sech an der 13. Ronn eng éischt Kéier un d'Spëtzt setzen. No engem Verbremser zwou Ronne méi spéit war hien nees op Plaz 3 zeréckgefall. An der virleschter Ronn konnt de Britt d'Féierung nees iwwerhuelen a gewënnt virum Japaner Ai Ogura an dem Spuenier Pedro Costa.
De Jaume Masia gewënnt de Photofinish an der Moto3 virum Ayumu Sasaki an dem Deniz Öncü. De Masia konnt sech eréischt an der leschter Schikan laanscht de Japaner drécken an huet mat enger Avance vun engem Wimperschlag seng éischt Victoire an dëser Saison agefuer. Den Éischten am Generalklassement, de Spuenier Daniel Holgado, koum just als Leschten an d'Zil an huet domat de Gros vu sengem Virsprong agebéisst.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 Francesco Bagnaia 40'37.640
2 Marco Bezzecchi +1.223
3 Aleix Espargaro +1.925
4 Brad Binder +1.528
5 Jorge Martin +1.934
Moto2
1 Jake Dixon GB Inde GASGAS Aspar Team Kalex 35'43.4110
2 Ai Ogura JP IDEMITSU Honda Team Asia Kalex +1.334
3 Pedro Acosta ES Red Bull KTM Ajo Kalex +4.448
4 Fermín Aldeguer ES Beta Tools SpeedUp Boscoscuro +4.487
5 Aron Canet ES Pons Wegow Los40 Kalex +4.884
Moto3
1 Jaume Masia ES Leopard Racing Honda 34'14.6190
2 Ayumu Sasaki JP Liqui Moly Husqvarna Intact GP Husqvarna +0.081
3 Deniz Öncü TR Red Bull KTM Ajo KTM +0.276
4 Ivan Ortola ES Angeluss MTA Team KTM +0.324
5 David Muñoz ES BOE Motorsports KTM +0.401
De General
MotoGP
1 Francesco Bagnaia 194
2 Jorge Martin 159
3 Marco Bezzecchi 158
4 Brad Binder 114
5 Johann Zarco 109
Moto2
1 Tony Arbolino 148
2 Pedro Acosta 140
3 Jake Dixon 104
4 Alonso Lopez 92
5 Aron Canet 76
Moto3
1 Daniel Holgado 125
2 Jaume Masia 109
3 Ayumu Sasaki 99
4 Ivan Ortola 94
5 Deniz Öncü 94