Sébastien Ogier gewënnt Rallye a Kenia

© AFP
Fir Toyota gouf et beim Tour duerch Safari eng véierfach Victoire, mam Fransous Ogier un der Spëtzt.
Beim siwente Laf vun der Rallye-Weltmeeschterschaft huet sech de Sébastien Ogier géint seng Co-Equipiere Kalle Rovanperä, Elfyn Evans an Takamoto Katsuta duerchgesat. Den Ecart tëscht dem éischtplacéierte Fransous an dem zweetplacéierte Finn louch just bei 6,7 Sekonnen. Déi zwee aner Toyota-Piloten Evans a Katsuta hate knapp 3 Minutte resp. 3'23'' Retard.
Tëscht dem Ogier an dem Rovanperä war e Kapp-u-Kapp wärend der Course an d'Féierung huet ëmmer hin an hier gewiesselt.
Fir Hyundai a Ford war d'Manche a Kenia e Réckschlag a Saache Generalklassement. Den Thierry Neuville gouf just Aachten, wärend den Dani Sordo nach op déi fënneft Plaz gefuer ass. Och Ford konnt sech iwwer d'Plaze sechs a siwe fir den Ott Tänak an de Pierre-Louis Loubet net wierklech freeën.
An der Gesamtwäertung läit de Rovanperä mat 118 Punkte virum Thierry Neuville (93) an dem Ott Tänak (85) un der Spëtzt. De Gewënner vun der Rallye Kenia Sébastien Ogier ass aktuell Fënneften (70).