No enger 4ter Plaz den 11. Juni zu Vilkyciai a Litauen, ass et an Däitschland beim 4. Laf vun der EM nach en Tick besser gelaf fir de Lëtzebuerger.

Et hat allerdéngs e bësse gedauert, bis de Kevin Peters richteg a Faart komm ass. Am Zäittraining war et um Enn just déi siwwentséierst Zäit.

An de Qualifikatiounsleef waren et dunn all Kéiers Victoiren vum Start bis an d'Zil.

An der Halleffinall goung et vu Plaz 2 fort, ma duerch e gudde Start goung et op Plaz 1 no vir, déi de Kevin Peters bis zum Schluss verdeedegt huet. Domat war et an der Finall Plaz 2 als Startplaz.

Den Depart ass awer net optimal gelaf, well de Motor ze déif an den Toure gefall war, wouduerch de Kevin Peters op Plaz 3 zeréckgefall ass. Et sollt iwwert déi komplett Finall net geléngen, nees op Plaz 2 no vir ze fueren. Deemno war et um Enn déi 3. Plaz an der Finall, wat awer wichteg Punkte fir d'Europameeschterschaft mat sech bréngt. Gewonnen huet de Markus Wibbeler (D) virum Styn Jaspers aus Holland.

De Ferdinand Gengler kënnt op Plaz 11 an de Kenny Reding op Plaz 15.

EM-Klassement

1. Jakub Novotny - 90 Punkten
2. Markus WIîbbeler - 88 Punkten
3. Styn Jaspers - 83 Punkten
4. Kevin Peters - 78 Punkten
...
17. Kenny Reding - 32 Punkten
20. Fernand Gengler - 17 Punkten

Den nächste Rendezvous ass Ufank Juli an Tschechien, méi genee zu Nova Paka.