Equipage Hauser/Pommer elo un der Spëtzt am General

© Roberic Blank
No engem chaotesche Weekend zu Zandvoort an Holland gëtt et beim Lëtzebuerger Rennstall Racing Experience Grond sech ze freeën.
Virun enger spektakulärer Kuliss am Kader vun der DTM, konnten déi zwee Teams vu Racing Experience sech viru 24.000 Zuschauer beweisen.
De Qualifying um Samschdeg ass fir den Auto mat der #15 ganz gutt gelaf. De Markus Pommer huet de Circuit vu Zandvoort aus senger Zäit an der F3 an der GT3 gutt kannt a sou war et um Enn Plaz 2, just 0,080 Sekonnen hannert dem Oscar Tunjo op Plaz 1.
Den Auto mat der #12 huet sech mam Kevin Rohrscheidt hannert dem Steier op Plaz 18 qualifizéiert.
Déi 1. Course um Samschdeg war nawell chaotesch. Et gouf direkt eng zousätzlech Aféierungsronn, well en Auto mat technesche Problemer op der Streck stoe bliwwe war. De Markus Pommer ass nom Start schonn an der 1. Ronn op Plaz 9 zeréckgefall, konnt sech awer bis op Plaz 5 zeréckkämpfen, éier en de Cockpit un de Gary Hauser iwwerginn hat. Wéinst engem roude Fändel gouf d'Course ëm 13. Minutte verkierzt, wouduerch de Gary Hauser net méi konnt weider Plaze gutt maachen. Si kommen deemno op Plaz 5 iwwert d'Arrivée, wärend de Schwësterauto um Enn Plaz 15 verbuche konnt.
Zweete Qualifying an zweet Course
E Sonndeg ass den zweete Qualifying gefuer ginn, an de Gary Hauser konnt mam #12 déi véiert séierst Zäit fueren. De Wolfgang Payr koum um zweeten Auto op Plaz 17.
De Gary Hauser ass dann och de Start gefuer a konnt seng Positioun halen, bis et zum Fuererwiessel komm ass. De Markus Pommer huet bis zum Schluss nach ëm Plaz 3 gekämpft, ouni awer den Duell fir sech kënnen ze entscheeden. Deemno war et um Enn Plaz 4.
Den Auto mat der #12 ass eng Course ouni gréisser Problemer gefuer a schafft sech vu Plaz 17 no vir op Plaz 15.
Nodeems elo d'Hallschent vun de Coursse gefuer sinn, ass den Auto mat der #15 (Gary Hauser a Markus Pommer) Leader am Generaklassement, dat mat 105 Punkten.
Den nächste Rendezvous am Prototype Cup Germany ass vum 7.-9- Juli um Norisring an Däitschland.