D'Noriicht vum Lëtzebuerger Motorsport-Pilot, deen um Nürburgring als Testfuerer fir Goodyear en déidlechen Accident hat, huet schockéiert.

Den RTL-Journalist Pascal Becker hat am Kader vun der Sendung Automag d'Geleeënheet, dem Christian Franck bei senger Aarbecht iwwer d'Schëller ze kucken. Wéi verleeft esou eng Testfaart?

Zum Accident koum et e Mëttwoch, praktesch um Enn vun där 20,8 Kilometer laanger Nordschleife. Detailer si bis elo offiziell keng bekannt. D'Enquête ass an den Hänn vun der däitscher Staatsanwaltschaft. Geschitt ass den Tëschefall am Kader vum sougenannten Industrie-Pool, wou de Circuit Firmae fir Tester reservéiert ass. De Pascal Becker hat de Christian Franck 2019 bei senger Aarbecht zu Colmer, respektiv a Finnland begleet.

"Do ass vill Geld en Jeu. Déi Leit, déi dat maachen, déi hunn e bestëmmte Seriö. Soss géife se net op där dote Plaz landen. An dat Fueren ass net fir de Spaass. Den Ingenieur seet, ech hätt dat hei gär, ech géif déi do Parameter gären ophuelen, reproduzéieren. ... An da gëtt opgeholl, ausgewäert. Nach eng Kéier gefuer. Et ass net dat, wat ee sech elo kéint virstellen ënner Halli-Galli-Faart."

De Lëtzebuerger war bei der Goodyear responsabel, fir an Zesummenaarbecht mat Porsche, Pneuen z'entwéckelen. Et war och an deem Sënn, wou de Christian Franck d'lescht Woch, wärend e puer Deeg, um Nürburgring geschafft huet. Datt grad beim Accident den Ingenieur u Bord war, dat ass fir den Auto-Expert en Element, datt de Pilot net un d'Limitte gaangen ass. Dat géif kee Sënn maachen.

Aenzeien no, déi an der däitscher Press zitéiert ginn, hätt den Auto sech iwwerschloen. Béid Goodyear-Mataarbechter wieren aus dem Gefier eraus geschleidert ginn. Ausléiser vum Accident kéint, sou Quellen aus Däitschland, e geplatzte Pneu sinn.

"Wann e Pneu platzt, dann ass et entweder, well net genuch Drock drop war. Dat kann ech absolutt ausschléissen, well virun all Testfaart, hunn ech honnert Mol gesinn, gëtt alles gepréift. Et war een 911, den 911 huet een Iwwerwaachungssystem u Bord. Och den 911, deen déi normal Leit kafen, do kann een den Drock vun de véier Pneuen eenzel ofliesen iwwert dem Fueren. Dat heescht wann do ee schläichenden Drockverloscht sech géif bemierkbar maachen da bimmelt et, da piipst et am Auto. Natierlech de Ring gëtt d'Woch iwwer, wa keng Industriefaarte sinn, als Touristefaart-Zentrum genotzt. An Touriste baue relativ vill Schrott an do läit och relativ vill Dreck op der Pist. Et ass ganz gutt méiglech, datt een iwwert eppes fiert an dass dann de Pneu, wann et an enger Zon geschitt, wou een aus héijer Vitess ubremst, och wann déi héich Vitess och elo u sech net problematesch ass, mä wann s de bei 200 iwwert e Stéck Metall fiers an de Pneu platzt der, da kanns de och als beschte Pilot vun der Welt net méi vill maachen".

Wat um Enn de Grond fir den Accident war, muss d'Enquête klären.