De Loek Hartog wënnt seng éischt Course am Porsche Supercup. De Weekend goufen zu Zandvoort direkt zwou Courssen am Supercup gefuer.

Nodeems um Samschdeg schonn de Morris Schuring seng éischt Victoire vun der Poleposition aus doheem feiere konnt, war et um Sonndeg e weideren Hollänner, dee vun der éischter Positioun an d’Course gaangen ass.

De Loek Hartog konnt sech beim Start direkt géint de Bastian Buus verdeedegen, deen deelweis schonn e grousse Virsprong op de Leader am Klassement hat.

No zwou Relancen hannert dem Safetycar huet den Hartog ëmmer e klore Kapp behal a konnt domat seng éischte Victoire Doheem feieren.

Mat dësem Resultat geet de Bastian Buus als Éischten am General an déi leschte Manche op Monza.

Sieft den 3. September op RTL Play an RTL.lu live mat dobäi, wa sech d’Meeschterschaft am Porsche Supercup tëscht dem Bastian Buus (118 Punkten) an dem Larry Ten Voorde (97 Punkten) entscheet.