Max Verstappen egaliséiert Rekord vum Sebastian Vettel
Den Hollänner huet mat senger Victoire zu Zandvoort de Rekord vum Sebastien Vettel egaliséiert. Béid Fuerer hu jeeweils 9 Courssen um Stéck gewonnen.
No enger hektescher Ufanksphas, bei där ëmmer nees Reeschauere fir Action op der Streck gesuergt hunn, huet sech am Laf vun der Course de Max Verstappen d'Spëtzepositioun vum Sergio Perez zeréckgeholl a gewënnt no enger op en Neits hektescher Schlussphas, bei där d'Course tëschenzäitlech ënnerbrach gouf, virum Fernando Alonso de Grousse Präis vun Holland. Op déi 3. Plaz fiert de Pierre Gasly. De Fransous huet hei vun enger Zäitstrof vum Sergio Perez profitéiert, deen um Enn just op d'Plaz 4 kënnt.
De Start ass un de Max Verstappen gaangen. Den Hollänner hat keng Problemer, seng 1. Plaz virum Lando Norris ze verdeedegen. An och den Alonso war ee vun de Gewënner, hie louch no 2. Ronne schonn op der 2. Plaz, an huet deemno 3 Plaze konnte gutt maachen. Quasi direkt nom Start ass dunn awer eng fatzeg Schauer vum Himmel erofkomm.
De Sergio Perez war de grousse Gewënner vum Reen, dat well hien den 1. Fuerer war, deen d'Pneue gewiesselt huet. Sou huet sech de Mexikaner no 5 Ronnen op der 1. Plaz erëm fonnt. Dëst war awer net vu laanger Dauer, dat well de Verstappen eng schnellst Ronn no der anerer gefuer ass, d'Streck ofgedréchent ass, an de Weltmeeschter sech no 13 Ronnen nees op der 1. Plaz erëm fonnt huet. Grousse Verléierer vun dëser 1. Reenphas war den George Russell, de sech nëmmen nach op der 17. Plaz erëmfonnt huet.
Nodeems de Logan Sargeant op Williams an d'Mauer geknuppt ass, huet de Safety Car an der 16. Ronn missen erauskommen. An och de Charles Leclerc huet d'Course missen opginn, den Auto hat e techneschen Defekt.
10 Ronne viru Schluss ass de Reen dunn nees zeréckkomm. An der Boxegaas war deemno nees eng helle Wull lass. Et war eng Lotterie, wien wéini déi richteg Pneue wiessele geet. De Sergio Perez huet seng 2. Plaz duerch en Dréier un de Fernando Alonso verluer. Den Zhou ass an d'Leitplank gerannt. Kuerz dorop ass d'Course duerch den immens staarke Reen ënnerbrach ginn, Red Flag.
No ronn 45 Minutten ass et dunn nees lass gaangen. De Restart huet de Verstappen kontrolléiert an de Weltmeeschter huet seng 1. Plaz verdeedegt. Hannert dem Hollänner fiert de Fernando Alonso op Aston Martin op déi 2. Plaz. Drëtte gëtt deemno de Pierre Gasly op Alpine. Et ass de 4. Podium a senger Karriär.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.