Déi 7. an 8. Manche vun der Nascar Whelen Euro Series gouf am tschechesche Most gefuer.

De 4,1 Kilometer laange Circuit läit um Fouss vun der Burg Hnêvin an huet am Ganzen 21 Kéieren. Mat vir dobäi, an der Euro Nascar 2, war och nees de Lëtzebuerger Gil Linster op sengem Toyota Camry V8 mat der Nummer 50. De Pilot vum Hendriks Motorsport Team huet um Freide beim éischte fräien Training seng, scho bal üblech, 4. Plaz eraus gefuer. No e puer Ännerungen um Set-Up huet de Lëtzebuerger am zweete fräien Training mat 1:41.207 Minutten di séiersten Zäit op de Macadam gepecht.

Um Samschde beim Qualifying, et hat virdru kuerz gereent, huet de Mann vu Fréiseng d’Lat direkt héich geluecht a louch laang Zäit op der 2. Plaz. Zum Schluss ass d’Streck ëmmer méi dréche ginn an d’Konkurrenz huet de Lëtzebuerger e puer Plazen zréck gehäit. Et gouf keng Méiglechkeet méi fir ze konteren an domat ass de Lëtzebuerger um Samschde bei der éischter Course vun der 5. Plaz gestart.

Direkt nom Start huet de Gil Linster sech op déi 2. Plaz no vir geschafft. An der 9. Ronn gouf et eng Full Course Yellow. Beim Restart an der virleschter Ronn ass de Camry mat der Nummer 50 vum Jouffreau (3) a vum Schober (27) iwwerrompelt ginn a fiert als 4. iwwer d’Arrivée.

Um Sonnde bei der zweeter Course vum Weekend huet et gereent an d’Piloten hunn alleguer missen d’Reenpneuen opleeën. De Lëtzebuerger huet gutt mat deenen dräi Éischte matgehalen an ass no engem Ausrutscher vum Jouffreau (3) souguer e puer Ronnen op der 3. Plaz gefuer. Déi lescht véier Ronnen huet dem Toyota Camry seng Boite net méi richteg matgespillt an de Jouffreau ass nees op di 3. Plaz no vir gefuer.

"Eng weider 4. Plaz ënner dëse Konditiounen ass ok fir mech", sou de Gil Linster no der Course. Den nächste Rendez-vous ass de 23.-24. September zu Ochersleben (D).