Zu Barcelona wéist sech eng éischte Kéier mat Aprilia eng Mark méi staark wéi déi 8 Ducatien. Bei sech doheem wennt den Aleix Espargaro säin 1. Sprint.

No engem ganz staarke Freideg vu der Aprilia-Armada huet de Francesco Bagnaia fir seng 6. Pole Positioun dës Saison scho missten de fuschneie Streckerekord vum Aleix Espargaro schloen. Ganz knapps hannert dem Weltmeeschter fiert de Miguel Oliveira aus der zweeter Quali bis an déi éischt Startrei. Mam Maverick Viñales steet eng drëtt Aprilia op Platz 4. Dobäi war et ganz enk, well och de WM-Zweete Jorge Martin louch als 5. just 16 Honnertstel zréck.

De Francesco Bagnaia hat zwar ee gudde Start, ma d'Aprilia waren haut einfach besser. Zur Hallschent huet sech den Aleix Espargaro an der éischter Kéier bannelaanscht gebremst. Keng fënnef Kilometer vu sengem Gebuertshaus ewech, huet de 34 Joer ale Motorradsprofi eng éischt Sprint-Victoire fir sech an Aprilia gefeiert. A spannende leeschte Ronnen hat et och säi Teamkolleeg Maverick Viñales nach bal laanscht de WM-Leader gepackt.

Qualifying vu der Moto2

Bei der éischter Pole an dëser Saison vum erfuerene Jake Dixon kënnt de WM-Leader Pedro Acosta zwar just op déi néngte Startplaz, direkt virum Barry Baltus. Wéinst dem Belsch vu Namur huet et de WM-Zweeten allerdéngs net an dee wichtege Qualifying gepackt a de Tony Arbolino brauch e Sonndeg vu senger Platz 20 ee Rakéitestart.

Qualifying vu der Moto3

Nodeems hien nach am leschte fräien Training gefall war, huet de Spuenier Ivan Ortola eng éischt an däitlech Pole Positioun gefeiert. Tëschenzäitlech louch de Jaume Masia vum Team Leopard op der éischter Platz, ma ass nach knapps als 4. an déi zweete Rei gerutscht. Bei der Lëtzebuerger Ekipp war een awer zefridden, wëll och de Tatsuki Suzuki als 6. an der Rei steet.

D'Resultat vum Sprint

1 Aleix Espargaro Aprilia 20:02.744
2 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +1.989
3 Maverick Viñales Aprilia +2.040
4 Brad Binder Red Bull KTM +2.857
5 Jorge Martin Prima Pramac +4.341

De Qualifying

MotoGP

1 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 1'38.639
2 Aleix Espargaro Aprilia Racing +0.104
3 Miguel Oliveira Crypto Data RNF +0.109
4 Maverick Viñales Aprilia Racing +0.133
5 Jorge Martin Prima Pramac +0.158
6 Johan Zarco Prima Pramac +0.219 Moto2

1 Jake Dixon GasGas Aspar 1:44.089
2 Aron Canet Pons Wego +0.095
3 Ai Ogura Idemitsu Honda +0.125

Moto3

1 Ivan Ortola Angeluss MTA 1:48.205
2 Deniz Öncü Red Bull KTM 0.304
3 Joel Kelso CFMOTO +0.358