Beim Grousse Präis vun Italien huet an der Qualifikatioun just ee Pilot den Hollänner Max Verstappen op Red Bull geschloen.

Et ass e spezielle Weekend an der Formel 1, well an der Qualifikatioun kruten d'Pilote virgeschriwwen, mat wéi engem Pneu si fuere missten: Fir de Q1 war dëst den haarde Pneu, am Q2 gouf de Medium opgeluecht an de mëlle Pneu war fir de Q3 reservéiert.

Déi haart Mëschung hat zur Suite, datt de Zhou Guanyou op Alfa Romeo, de Pierre Gasly an den Esteban Ocon op Alpine, de Kevin Magnussen op Haass an de Lance Stroll op Aston Martin am Q1 eliminéiert goufen.

Nom Q2 war da Schluss fir de Yuki Tsunoda an de Liam Lawson op AlphaTauri, den Nico Hülkenberg op Hass, de Valtteri Bottas op Alfa Romeo an de Logan Sargeant op Williams.

Op de séierste Pneue goung et dunn am Q3 och ëm d'Topp-Placéierungen. Hei war de Séiersten de Spuenier Carlos Sainz um Ferrari, dat virum Max Verstappen op Red Bull an dem Charles Leclerc um zweete Ferrari. Véierte gouf den George Russell op Mercedes, dat virum Sergio Perez um zweete Red Bull. D'Plaz Sechs ass fir den Alexander Albon op Williams a Siwente gëtt den Oscar Piastri op McLaren. Dohannert kommen de Lewis Hamilton op Mercedes, de Lando Norris op McLaren an de Fernando Alonso op Aston Martin.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 PIRELLI ITALIAN GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023