Bastian Buus séchert sech de Championstitel

© F. Porsche AG
No enger turbulenter Course am Tempel vum Highspeed gouf de Bastian Buus ganz knapp Champion virum Larry Ten Voorde.
De Larry Ten Voorde ass mat 21 Punkte Réckstand op de Bastian Buus op Monza komm. Den Hollänner huet hei an der leschter Course misse wannen, fir nach eng Chance op de Championstitel ze hunn. Fir de Bastian Buus wier an dësem Fall eng 11. Positioun duer gaangen.
Vun der véierter Positioun an d'Course gaangen, ass den Ten Voorde an der éischter Ronn direkt op déi zweete Positioun virgefuer.
Fir de Buus ass et net esou gutt gelaf. Hie konnt sech just als Néngte qualifizéieren an ass am Mëttelfeld duerch en Accrochage no hanne bis op déi 27. Plaz gereecht ginn.
Den 20 Joer jonken Dän konnt sech no zwou Safetycar-Phase just bis op déi 13. Positioun no vir kämpfen a krut nach eng 3-Sekonne Strof vun dräi Sekonnen.
Un der Spëtzt huet den Teamkolleeg vum Buus, den Harry King, haart géint de Larry Ten Voorde verdeedegt a konnt schlussendlech zu Monza wannen. Domat ass et dem Britt seng drëtte Victoire dës Saison.