Duebelvictoire fir Aprilia: Espargaro viru Vinales, Martin gëtt Drëtten

© Josep LAGO / AFP
Eng schwéier Chutte vum aktuelle WM-Leader Francesco Bagnaia huet fir e roude Fändel an domadder och e Restart vun der Course gesuergt.
D'Course soll nom éischte Start net laang ënnerwee sinn. Eng Massechutte mat véier Leit gouf et direkt an der éischter Kéier an direkt dono huet de Bagnaia, deen un der Spëtzt war, d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ee vun de Coureuren hannert him krut säi Been ze paken. D'Decisioun vun der Rennkommissioun koum séier: Roude Fändel, Course ofgebrach. De Leader am Championnat Bagnaia huet nach op der Pist misste behandelt ginn a koum dono an de Medicalcenter a méi spéit an d'Spidol. No eppes iwwer 20 Minutte gouf d'Course du relancéiert.
Hei hat de Vinales de beschte Start an huet sech no e puer Kéieren un d'Spëtzt vum Grand Prix gesat. Säin Teamkolleeg Espargaro op der Aprilia konnt sech da séier och op déi zweete Plaz setzen. Béid konnten an den nächste Ronnen hiren Avantage op de Recht vun de Piloten ëmmer méi ausbauen, wärend hannendrun ëm d'Plaze gekämpft gouf. Den Espargaro hat déi besser Pace an de leschte Ronne vun der Course a konnt an der éischter Kéier an der 20. Ronn säin Teamkolleeg och iwwerhuelen a séier sech en Avantage erausfueren.
Esou wënnt hien och dës Course viru sengem Teamkolleeg Vinales. Op déi drëtte Plaz kënnt de Martin op Ducati.
MotoGP
Moto2
An der méi klenger Klass vun der Moto2 konnt sech den Jake Dixon duerchsetzen, dat virum Aron Canet an dem Albert Arenas.
Moto2
Moto3
An der Moto3 huet kee Wee laanscht den David Alsono gefouert, deen de Jaume Masla an den José Antonio Rueda op d'Éiereplaze verwisen huet.
Moto3
Bagnaia an Bastianini blesséiert
Beim aktuelle Leader an der WM Bagnaia gouf eng kleng Blessure am Been festgestallt, wou een net weess, ob se vum Tëschefall vun der Course oder scho méi al ass. Hie koum an d'Spidol fir eng Computertomographie. Säin Teamkolleeg Bastianini dogéint hat sech e Broch am Schinnebeen am lénke Been a vun der Mëttelhand an der lénker Hand zougezunn. Bei him steet d'Gefor, datt d'Hand operéiert muss ginn.