Verstappen wënnt a stellt neie Rekord op, Perez a Sainz um Podium
Et ass eng historesch Victoire fir de Max Verstappen. Nach ni ass et engem Formel-1-Pilot gelongen, fir 10 Courssen um Stéck ze gewannen.
D'Course sollt net wéi geplangt lassgoen: An der Formatiounsronn hat de Tsunoda um AlphaTauri en technesche Problem an huet säi Won missten ofstellen. De Start gouf dowéinst no hanne verluecht, bis d'Gefier vum Japaner konnt aus de Féiss geraumt ginn. Esou gouf d'Course offiziell eréischt um 15.23 Auer lancéiert.
Nom verspéite Start huet sech direkt un der Spëtzt näischt geännert. Et huet 15 Tier gedauert, bis de Max Verstappen sech un d'Spëtzt vum Grousse Präis vun Italien konnt setzen. Den Hollänner an den Déngschter vu Red Bull hat vun engem Verbremser vum Carlos Sainz profitéiert, fir sech de Lead ze sécheren. Séier konnt de Weltmeeschter seng Avance ausbauen, wärend de Sainz et mat sengem eegenen Teamkolleeg Leclerc ze di krut. Et sollt en Dräikampf tëscht den zwee Ferrarien an dem Perez um zweete Red Bull ëm déi zweete Plaz ginn. Séier konnt de Perez de Leclerc iwwerhuelen, dono sollt et awer zu engem haarden Duell tëscht him an dem Sainz ëm déi zweete Plaz an der Course ginn.
An der 46. vun 51 ronne konnt de Mexikaner sech dann aus senger Siicht endlech laanscht de Spuenier am Ferrari drécken. Et koum dono zu engem interessanten Duell tëscht béide Ferrarien, ma de Sainz sollt sech um Enn géint de Leclerc duerchsetzen.
Wärend dem Kampf ëm d'Éiereplazen hannert him, huet de Max Verstappen säin Avantage lues awer sécher ausgebaut.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.