Lamera Cup / 26h-Course
Lëtzebuerger Team wënnt ProAm-Wäertung zu Portimao

D'Team Racetrack Competition huet déi längste Course vun der Welt an der Kategorie ProAm gewonnen.
Des Course ass am Kader vum LameraCup zu Portimao am Süde vu Portugal gefuer ginn an huet net manner wéi 26 Stonnen gedauert.
Déi zwee Lëtzebuerger Piloten Tommy Rollinger a Gilles Bruckner, souwéi hir zwee franséisch Kolleege Vincent Piquet a Victor Dumont hu sech déi 1. Plaz an der Kategorie ProAm geséchert, grad ewéi Plaz 4 am General.
Am meeschte gelies