Lëtzebuerger Team "Racing Experience" ka sech den Titel sécheren

© Markus Toppmöller
De Gary Hauser an de Markus Pommer konnte sech zu Assen an Holland fréizäiteg de Championstitel am ADAC Prototype Cup Germany sécheren.
Zejoert konnte Gary Hauser a Lea Mauer schonn de GT&Prototype Challenge gewannen.
Bei der Course zu Assen huet Racing Experience nees zwee Duqueine D08 LMP3 agesat. Speziell war dëse Weekend, dass den David Hauser no 2 Joer Paus säi Comeback gefeiert huet. Hien huet sech de Cockpit mam Wolfgang Payr gedeelt an domat de Kevin Rohrscheidt ersat.

© Markus Toppmöller
An der 1. Course um Samschdeg konnten de Markus Pommer an de Gary Hauser hir Poleposition aus dem Qualifying an eng Victoire ëmmënzen.
De Wolfgang Payr an den David Hauser kommen op Plaz 13 iwwert d'Arrivée.

© Markus Toppmöller
An der zweeter Course, déi um Sonndeg gefuer gouf, ass de Gary Hauser de Start um Auto mat der Nummer 15 gefuer. An der 1. Ronn gouf et e sëllegen Accidenter, respektiv Dréier. Déi konnten zwar all evitéiert ginn, ma trotzdeem ass hien op Plaz 7 zeréckgefall. De gréisste Konkurrent am Championnat, den Auto mat der Nummer 6 ass an der 1. Ronn ausgefall, wouduerch de Gary Hauser op Nummer sécher gaangen ass, a kee Risiko wollt agoen. Hien ass a sengem Rhythmus weidergefuer an huet seng Positioun gehalen, bis et zum Pilotewiessel komm ass. De Markus Pommer huet dunn nach emol attackéiert a konnt sech bis op Plaz 3 no vir schaffen. E puer Minutte virum Enn vun der Course ass de Leader vun der Streck ofkomm an am Kiesbett gelant. Domat konnt den Equipage Hauser/Pommer fréizäiteg den Titel feieren, well se elo 2 Coursse viru Schluss 56 Punkte Virsprong op d'Konkurrenz hunn, woubäi just nach 50 Punkten ze verdeele sinn.
Den zweeten Auto vu Racing Experience konnt um Sonndeg dann och dat beschte Resultat vun der Saison, dat mat Plaz 6 fir Wolfgang Payr an David Hauser.
Am Team-Championnat huet Racing Experience elo 11 Punkte Virsprong op van Ommen racing by Datalab.

De Christian Hauser hat all Grond sech zu Assen ze freeën. / © Markus Toppmöller
Déi lescht zwou Coursse vun der Saison vinn den 13.-15. Oktober um Nürburgring gefuer, wou dann och d'Kréinung vun de Champione wäert sinn.