"10 Victoiren hannertenee vum Verstappen sinn en impressionante Rekord"

© AFP/Ben Stansall
10 Courssen hannerteneen huet bis elo nach kee Formel-1-Pilot gepackt. De Max Verstappen huet beim Grousse Präis vun Italien dee Rekord awer lo opgestallt.
Bis Monza hat den Hollänner dee Rekord zesumme mam Sebastian Vettel. De 4-fache Weltmeeschter aus Däitschland stoung virun 10 Joer, och mat engem Red Bull, 9 mol um Stéck ganz uewen um Podium. De fréiere Mercedes-Ingenieur an neien RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl weess schonn, wéi exzeptionell déi aktuell Leeschtung ass. Den Dominique Riefstahl, deen déi 6 Weltmeeschtertitel vum Lewis Hamilton mat Mercedes, all bei der Ecurie mam Stär materlieft huet, geet dovun aus, datt et fir d'Konkurrenz vu Red Bull dës Saison ganz schwéier gëtt, nach e Stéck vum Kuch ze kréien.
Dës Saison bleiwen elo nach 8 Courssen ze fueren, Red Bull huet der 14 vu 14 gewonnen, an déi aner 9 Ecurien hoffen natierlech, datt et hinne geléngt, de Verstappen, respektiv de Perez awer nach déi eng oder aner Kéier kënnen ze klappen. Deen nächste Grand Prix ass an zwou Wochen zu Singapur.