Zu Misano gëtt den Ament vill vun Ducati getest an esou weist sech d'italieenesch Firma no de Problemer zu Barcelona nees ganz staark.

Ma och een Testpilot iwwerzeegt mat senger Wildcard. No sengem Highsider leschte Sonndeg konnt de Francesco Bagnaia mat vill Péng schonns nees an d'éischt Rei fueren. Virun him leien d'Verfolger aus de Satellittenekippe Marco Bezzecchi a Jorge Martin, dee mat engem fantastesche Streckerekord praktesch véier Zéngtelssekonne méi séier ass. Bei der Première vum Carbonkader fiert de 37-järegen Testfuerer Dani Pedrosa mat senger KTM op d'fënneft Startplaz.

Seng éischt Pole des Saison huet de Jorge Martin an eng Start-Ziel Victoire verwandelt, ma hannendru gouf et spannend Dueller. Virun allem mat engem Brad Binder, dee vun der 9. Positioun start an an der leschter Ronn an en Dräikampf ëm déi leschte Podiumsplaz verwéckelt ass. Nodeems hie fréi nees de Marco Bezzecchi huet misse laanscht loossen, kritt sech de Weltmeeschter Bagnaia nach virum sensationelle Pedrosa an dem Binder op der 3. Plaz festgekrallt.

Qualifying vu der Moto2

De WM-Leader Pedro Acosta war Favorit fir d'Pole a fiert och déi séierst Ronn. Ma well um Schluss vill Fuerer gefall sinn, gouf dës wéinst engem giele Fändel annuléiert an hie läit schliisslech ganz knapps hannert dem Lokalmatador Celestino Vietti a virun engem séiere Manuel Gonzalez. De WM-Zweeten Tony Arbolino packt et dës Kéier duerch d’Qualifying 1 als Néngten nach esou just an déi drëtt Startrei.

Qualifying vu der Moto3

Trotz villem Wand an ouni Wandschied hëlt sech de Jaume Masia vu der Lëtzebuerger Ekipp Leopard eng gutt drëtt Pole vu der Saison. Den Ayumu Sasaki freet sech, datt hien et trotz enger Chute um Ufank vum Qualifying nach an déi éischt Startrei packt. Och bei de Moto3 packt et mam WM-Leader Daniel Holgado ee vu de Favoritten als 8. just an déi 3. Rei.

D'Resultat vum Sprint

1 Jorge Martin Prima Pramac 19’58.785
2 Marco Bezzecchi Mooney VR46 +1.445
3 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +4.582
4 Dani Pedrosa Red Bull KTM +4.772
5 Brad Binder Red Bull KTM +4.931

De Qualifying
MotoGP

1 Jorge Martin Prima Pramac 1’30.390
2 Marco Bezzecchi Mooney VR46 +0.397
3 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +0.436
4 Maverick Viñales Aprilia Racing +0.692
5 Dani Pedrosa Red Bull KTM +0.633
6 Aleix Espargaro Aprilia Racing +0.692

Moto2

1 Celestino Vietti Fantic Racing 1’30.201
2 Pedro Acosta Red Bull KTM Ajo +0.080
3 Manuel Gonzalez Correos Prepago Yamaha VR46 +0.140

Moto3

1 Jaume Masia Leopard Racing 1’41.638
2 Ayumu Sasaki Liqui Moly Husqvarna +0.243
3 Kaito Toba SIC58 Squadra +0.262