Beim Grousse Präis vu San Marino huet sech de Jorge Martin virum Marco Bezzecchi an dem Francesco Bagnaia duerchgesat.

Et war eng roueg Course, an där sech nom Start mam Jorge Martin, Francesco Bagnaia a Marco Bezzecchi 3 Fuerer un der Spëtzt ofgesat hunn. An enger éischter Phas konnt de Martin seng Positioun ganz vir verdeedegen. Tëschent dem Bagnaia an dem Bezzechi gouf et eng flott Lutte ëm déi 2. Plaz. Dovun huet de Brad Binder profitéiert, dee sech vun der 7. op déi 4. Plaz no vir geschafft hat an den Uschloss un den Trio un der Spëtzt fanne konnt. No enger Chute 19 Ronne viru Schluss ass de Binder ganz no hanne gereecht ginn.

Am weidere Verlaf ware Martin, Bagnaia a Bezzecchi weiderhin op den éischten 3 Plazen, den Dani Pedrosa konnt sech dem Trio 15 Ronne viru Schluss uschléissen. No engem Fuerfeeler ass de Pedrosa awer nees liicht zréckgefall. An de leschten 10 Ronnen huet sech de Martin entscheedend ofgesat a konnt sech d'Victoire zu Misano sécheren. Nom Sprint war et déi 2. Start-Zil-Victoire zu San Marino. Hannendrun huet sech de Bezzecchi virum Bagnaia behaapt. Den Dani Pedrosa gouf de Véierten. Hien huet seng éischt Podiumsplaz zanter 2017 verpasst. Am General huet de Martin Punkte géintiwwer dem WM-Leader Bagnaia gutt gemaach. De Martin huet elo just nach 36 Punkte Retard.

Eng Start-Zil-Victoire gouf et fir de Pedro Acosta an der Moto2. Hie stoung fir déi 5. Kéier ganz uewen um Podium. Hannendrun hu sech de Celestino Vietti an den Alonso Lopez op de Plazen 2 an 3 klasséiert.

An der Moto3 gouf et den drëtte Succès fir den David Alonso. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Jaume Masia an den Deniz Öncü.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP
1 J. Martin SPA Prima Pramac Racing Ducati 41:33.421
2 M. Bezzecchi Mooney VR46 Racing Team Ducati +1.350
3 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team Ducati +3.812
4 D. Pedrosa SPA KTM KTM +4.481
5 12 M. Vinales SPA Aprilia Racing Aprilia +6.029

Moto2
1 P. Acosta Kalex 35:30.145 22
2 C. Vietti Kalex +6.305
3 A. Lopez Boscoscuro +9.989 
4 T. Arbolino Kalex +11.344
5 A. Ogura Kalex +12.442

Moto3
1 D. Alonso GasGas 34:04.490
2 J. Masia Honda +0.036
3 D. Öncü KTM +0.237
4 D. Munoz KTM +0.764
5 C. Veijer Husqvarna +4.800

De General

MotoGP
1 Francesco Bagnaia 283
2 Jorge Martin 247
3 Marco Bezzecchi 218

Moto2
1 Pedro Acosta 211
2 Tony Arbolino 177
3 Jake Dixon 146

Moto3
1 Daniel Holgado 161
2 Ayumu Sasaki 157
3 Jaume Masia 149