Den 22 Joer jonke Rallye-Weltmeeschter Kalle Rovanperä huet e weidere Schrëtt a Richtung Titelverdeedegung gemaach, mat senger Victoire a Griicheland.

Eigentlech hat et beim Rallye no engem Duell tëscht Neuville an Ogier ausgesinn, ma allebéid hate mat techneschen Defekter ze kämpfen, wouduerch se wäit no hanne geheit goufen.

Och den Ott Tänak um Ford Puma huet scho fréi vill Zäit leie gelooss, well säi Rally1-Gefier net sou wollt, wéi et sollt. E konnt sech awer bis e Sonndeg nees op Plaz 4 no vir kämpfen.

De Kalle Rovanperä huet mam Toyota Yaris mat iwwer enger Minutt an 30 Sekonne Virsprong gewonnen, viru sengem Teamkolleeg Elfyn Evan. Op Plaz 3 koum de Spuenier Dani Sordo um Hyundai i20.

RTL

© Ketty a Rom Hankes

De Lëtzebuerger Grégoire Munster kënnt am Schlussklassement mat sengem Ford Fiesta op déi gutt 12. Plaz. An der WRC2-Kategorie ass et Plaz 5. Déi gouf gewonne vum Andreas Mikkelsen op Skoda Fabia.

RTL