De legendäre Bol d’Or huet och a senger 68. Editioun fir extrem vill Spannung gesuergt a réischt kuerz viru Schluss ass d'Decisioun gefall.

Bei der 24-Stonne-Course "Bol d'Or" am Motorradssport koum d'Team RAC41 Chromeburner, fir dat de Lëtzebuerger Chris Leesch fiert, op déi 2. Plaz an der Superstock Kategorie, an op Plaz 7 am Generalklassement wat hinnen duergeet, fir sech de Weltmeeschtertitel an där Kategorie ze sécheren.

Extrait Chris Leesch

Den Dram huet allerdéngs just eng Nuecht gedauert, dunn huet d'FIM an och de Teamchef Julien Diguet d'Disqualifikatioun vu der Nummer 41 beim Bol d'Or public gemaach. Véiermol gouf nogemooss, ma de maximal 24 Liter groussen Tank hat der 0,15 ze vill. Ouni Punkten um Bol fält Rac41 Chromeburner op déi 5. Plaz zeréck an Team 33 Louit April Moto gewënnt op Kawasaki de Bol d'Or an de World Cup.