De Weekend mécht d'Formel 1 Statioun zu Suzuka a Japan.

Nom schwaachen Optrëtt de leschte Weekend zu Singapur ass de Max Verstappen zu Suzuka a Japan nees senger Favoritteroll gerecht ginn. De WM-Leader ass am Qualifying déi séierste Ronn gefuer. Domadder start de Red-Bull-Pilot e Sonndeg de Moie beim Grousse Präis vu Japan vun der Pole Position. Nieft him steet den Oscar Piastri (McLaren). Hie war iwwert eng hallef Sekonn méi lues wéi de Verstappen.

De ganze Qualifying kënnt Dir Iech elo hei nach emol ukucken.

Aus der zweeter Rei fueren de Lando Norris (McLaren) an de Charles Leclerc (Ferrari) fort.

Am Q1 war e Freideg de Moie Schluss fir d'Pilote Valtteri Bottas an Zhou Guanyu (Alfa Romeo), Lance Stroll (Aston Martin), Nico Hülkenberg (Haas) an de Logan Sargeant (Williams). Fir de Sargeant war d'Qualifikatioun eriwwer, well en an d'Mauer gerannt ass.

Nom Q2 haten de Liam Lawson (Alpha Tauri), de Pierre Gasly an den Esteban Ocon (Alpine), den Alexander Albon (Williams) an de Kevin Magnussen (Haas) Feierowend.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO JAPANESE GRAND PRIX 2023

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2023