Eng wëll Première an Indien

De Buddh-Circuit an Indien ass komplett Neiland fir d’Fuerer an och wann Ducati nees gewinnt staark ass, gouf et gréisser Iwwerraschungen.
Op der onbekannter Streck deet sech KTM am Training a Qualifying onerwaart schwéier an de Brad Binder ass op der 14 déi beschte vu véier KTM. Dogéint hunn d’japanesch Wierkequippe bëssi Opwand mat engem Fabio Quartararo als 8. Een iwwerraschende Joan Mir stëllt seng Honda souguer direkt viru säi Teamkolleeg Marc Marquez op d‘5.
Um Enn stinn awer déi selwecht dréi Ducati-Fuerer wéi zu Misano an der éischter Rei, ma de Marco Bezzecchi huet dem Jorge Martin d’Pole ewech geholl. Mat annerhallef Stonn Verspéidung wéinst dem Ree starte Wierks-KTMen enorm staark, wärend de Luca Marini an der 1. Kéier säin Teamkolleg Bezzecchi aus der Rei virdrun ofschéisst. Wéi zu Misano fiert de Jorge Martin seng Pole an d'Zil.
Hannendru kann de Marc Marquez de Brad Binder fir säi zweete Sprintpodium vun der Saison hannert sech loossen. Séierste ass awer de Marco Bezzecchi, deen an 11 Ronnen eng Dosen Fuerer iwwerhëlt a nach op 5 kënnt.
Qualifying vu der Moto2
D’Streck huet lues a lues ofgedréchent a déi lescht Ronn war entscheedend: Bei senger zweeter Pole vun der Saison léisst de Jake Dixon de WM-Leader Pedro Acosta grad emol 3 Honnertstel hannert sech. Genau eng Sekonn méi lues war deem säin häertste Konkurrent Tony Arbolino, deen als 7. nees aus der drëtter Rei start. Dofir feiert de Rookie a Vize-Weltmeeschter aus der Moto3 Sergio Garcia seng éischt Startplaz an der éischter Rei.
Qualifying vu der Moto3
Direkt no der Q1 fänkt et u mat Schëdden. No iwwert enger Stonn Ënnerbriechung gëtt de Jaume Masia am beschten op der naasser Streck eens a fiert mat groussem Ofstand zu senger véierter Pole dës Saison. Den Zweeten an der WM Ayumu Sasaki krut sech als Drëtten och séier op déi komplett néi Konditiounen agestallt. De WM-Leader Daniel Holgado hat et dogéint als 18. net an de Q2 gepackt.
D'Resultat vum Sprint
1 Jorge Martin Prima Pramac 19’18.836
2 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +1.389
3 Marc Marquez Repsol Honda +2.405
4 Brad Binder Red Bull KTM +2.904
5 Marco Bezzecchi Mooney VR46 +3.266
De Qualifying MotoGP
1 Marco Bezzecchi Mooney VR46 1’43.947
2 Jorge Martin Prima Pramac +0.043
3 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +0.213
4 Luca Marini Mooney VR46 +0.268
5 Joan Mir Repsol Honda +0.507
6 Marc Marquez Repsol Honda +0.522
Moto2
1 Jake Dixon Inde GASGAS Aspar 2:01.924
2 Pedro Acosta Red Bull KTM Ajo +0.032
3 Sergio Garcia Pons Wegow Los40 +0.268
Moto3
1 Jaume Masia Leopard Racing 2’09.336
2 Matteo Bertelle Rivscold Snipers +0.768
3 Ayumu Sasaki Liqui Moly Husqvarna +0.727