Den Italieener fiert op der Ducati eng souverän Course. Nom Out vum Francesco Bagnaia ass de Kampf ëm de WM-Titel nees spannend.

An der MotoGP huet de Marco Bezzecchi eng souverän Victoire beim Grand Prix vun Indien kënne feieren. Hien hat am Zil eng komfortabel Avance op de Jorge Martin, dee sech knapp virum Fabio Quartararo duerchsetze konnt. De Bezzecchi hat sech schonn an der zweeter Ronn un d'Spëtzt gesat an déi Positioun duerno net méi hierginn.

Duerch d'Victoire vum Italieener an de gudde Klassement vum Martin ass de Kampf ëm de WM-Titel bei siwen ausbleiwende Coursen nees zimmlech spannend. De Francesco Bagnaia, de Champion vun der Saison 2022, war ab der 14. Ronn net méi an der Course, nodeems hie scho virdrun duerch eng Sortie aus de Punkte gerutscht war.

An der Moto2 gouf d'Course verkierzt a mat engem Re-Start nei gestart, well et an der éischter Kéier nom Start zum engem Crash tëscht enger Rei Motoe koum. No just 12 Ronne war de Pedro Acosta, souveräne Leader am General, de Séiersten virum Tony Arbolino an dem Joe Roberts. De Sergio Garcia, deen als Véierten iwwer d'Arrivée gefuer war, huet sech wärend der en enke Kampf mam Joe Roberts ëm Plaz 3 geliwwert, huet um Enn awer nach op de Manuel Gonzalez oppassen, dee vun hannen attackéiert hat.

Duerch d'Victoire vum Jaume Masia an der Moto3 konnt de Spuenier am Gesamtklassement op den Daniel Holgado opschléissen, sou dass béid Fuerer elo mat 174 Punkten un der Spëtzt stinn. Just ee Punkt dohannert läit den Ayumu Sasaki, deen an der Course hannert sengem Landsmann Kaito Toba Drëtte gouf. Den Daniel Holgado koum just op déi véiert Plaz. An de leschte siwe Coursse vun der Saison wäert et an der Moto3 also immens spannend bleiwen, wien um Enn de WM-Titel feiere kann.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Marco Bezzecchi 36:59.157
2 Jorge Martin +8.649
3 Fabio Quartararo +8.855
4 Brad Binder +12.643
5 Joan Mir +13.214

Moto2

1 Pedro Acosta 22:29.844
2 Tony Arbolino +3.543
3 Joe Roberts +6.506
4 Sergio Garcia +7.377
5 Manuel Gonzalez +7.903

Moto3

1 Jaume Masia 31:58.245
2 Kaito Toba +5.477
3 Ayumu Sasaki +5.784
4 Daniel Holgado +8.117
5 David Alonso +8.240

De General

MotoGP

1 Francesco Bagnaia 292
2 Jorge Martin 279
3 Marco Bezzecchi 248
4 Brad Binder 192
5 Aleix Espargaro 160

Moto2

1 Pedro Acosta 236
2 Tony Arbolino 197
3 Jake Dixon 146
4 Aron Canet 116
5 Alonso Lopez 116

Moto3

1 Daniel Holgado 174
2 Jaume Masia 174
3 Ayumu Sasaki 173
4 David Alonso 151
5 Deniz Öncü 146