Beim Nascar GP Germany gouf et en heftegen Op an Of fir de Gil Linster a säin Hendriks Motorsport Team. Gléck a Pech louchen no beieneen.

No enger staarker Performance am Training war fir de Gil Linster an der Qualifikatioun eng véiert Plaz erauskomm. An der éischter Manche e Samschdeg huet de Mann vu Fréiseng laang mam Spëtzentrio matgehalen, bis dräi Ronne viru Schluss de lénkse Pneu Loft verluer huet an e Boxestopp net ze evitéiere war. Well d'Ekipp e weidere Problem festgestallt hat, gouf decidéiert, d'Course net op en Enn ze fueren.

RTL

© RTL / Nina Weinbrenner

Bei der zweeter Course um Sonndeg ass de Lëtzebuerger vun der drëtter Positioun aus gestart an huet mächteg Drock op seng Konkurrente gemaach. An der zweeter Ronn hat sech de Gil Linster schonn op déi zweet Plaz no vir geschafft a konnt vun engem Fuerfeeler vum Leader profitéieren a sech un d'Spëtzt vun der Course setzen - et ware seng éischt Tier als Leader an dëser Saison.

De Gil Linster krut eng Drive-through-Penalty, well hie bei sengem Iwwerhuelmanöver vum Leader, den Auto vum Naska getéckt an dee sech doropshi gedréint hat. Nom "Ofsëtze" vun der Strof louch de Gil Linster nees op der drëtter Plaz an huet sech an den nächste Ronnen op déi zweet Positioun no vir geschafft. Well de Lëtzebuerger an der leschter Ronn nach eng Touchette mam Drëttplacéierten hat an dee sech doropshi gedréint huet, krut de Linster nodréiglech eng 10-Sekonne-Strof opgebrummt an ass doduerch op déi siwent Plaz zeréckgefall.

De leschte Rendez-vous fir dës Saison ass de Weekend  vum 13.-15. Oktober zu Zolder an der Belsch.

RTL

© RTL / Nina Weinbrenner