Kevin Peters gëtt Zweeten zu Maggiora an Italien, Kenny Reding de Siwenten

© Riccardo Demargherita
Virun der leschter Manche vun der Autocross-Europameeschterschaft läit de Kevin Peters op Plaz 3 an der Gesamtwäertung.
Bei der 9ter Course zu Maggiora an Italien koum de Peters am Zäittraining op Plaz 8. Soumat hat en am 1.Qualifikationslaf an der 4. Gruppe déi 3. Startplaz. Hien ass um Enn op Plaz 2 iwwert d'Zillinn gefuer. Den 2. Qualifikatiounslaf konnt en du gewannen. Am 3. Qualifikatiounslaf koum en no enger Beréierung, duerch déi e sech gedréint huet, just op Plaz 5 an d'Zil.
Trotz just enger drëtter Startplaz an der Semi-Final konnt hie sech hei behaapten an dës gewannen, wouduerch e vu Plaz 2 an d'Final gestart ass. Hei war et awer de Markus Wibbeler aus Däitschland, dee sech behaapte konnt, an et war deemno Plaz 2 um Schlusspodium.
De Kenny Reding koum iwwerdeems als 7ten iwwert d'Zillinn an huet sech och nach Punkte fir d'EM geséchert.
An der EM huet de Jakup Novotny (CZE) elo 202 Punkten op Plaz 1, virum Markus Wibbeler (D) mat 194 Punkten an op Plaz 3 de Kevin Peters mat 180 Punkten.
De Kenny Reding steet hei op Plaz 12 mat 93 Punkten an de Ferdinand Gengler op Plaz 18 mat 41 Punkten.
De 7. an 8. Oktober ass dann déi leschte Course fir d'Europameeschterschaft zu Mollerussa a Spuenien.