Jorge Martin an der Quali an am Sprint dee Séiersten

© AFP
Um schwierege Circuit vu Motegi sinn d’Favoritte staark ënnerwee a souwuel an der Moto3 wéi och an der MotoGP ass et un der Spëtzt ganz enk.
Schonns am Fräien Training huet de Brad Binder op der neier KTM mat Carbonchassis de Ronnerekord vum Jorge Lorenzo vun 2015 verbessert. Scho ganz am Ufank vum Qualifying ass de Jorge Martin déi séierste Ronn gefuer, bal 6 Zéngtelssekonne méi séier wéi ee vu den eelste Ronnerekorder an der MotoGP.
De Jorge Martin ass dunn iwwerdeems fir déi zweete Kéier an dëser Saison op d'Pole gefuer. Et ass déi zéngt d'Pole Position vun Ducati hannerteneen, ma och KTM ass séier ënnerwee. Doheem hunn d’japanesch Motoe weider vill Problemer an all mussen duerch de Q1, ma op d’mannst de Marc Marquez kënnt nach op d’siwent Plaz.
Mat sengem gewinnt séiere Start fiert sech de Brad Binder laanscht säin Teamkolleeg Jack Miller op de Podium, ma et ass ee souveräne Jorge Martin, dee säin drëtte Sprint hannerteneen als Start-Zil-Victoire feiert a just nach 8 Punkten hannert dem Weltmeeschter Francesco Bagnaia läit. Deen hat laang mam Jack Miller ze kämpfen, esou wéi och de Marco Bezzecchi no senger Chute am Qualifying laang gebraucht huet, fir laanscht de Marc Marquez op 6 ze fueren an him elo 47 Punkten an der WM feelen.
Qualifying vu der Moto2
D’Honda Team Asia hëlt beim Heem-GP déi éischt Startplazen. De Somkiat Chantra war dobäi an all Training de Séiersten a bei der 2. Pole vu senger Karriär och bëssi méi séier wéi de Johann Zarco 2016. De Gewënner vum leschte Joer a Vizeweltmeeschter Ai Ogura gëtt Zweeten an de WM-Leader Pedro Acosta start als Véierten aus der 2. Rei. Säi Verfolger Tony Arbolino fiert als Dräizéngten alt nees just aus der 5. Rei fort.
Qualifying vu der Moto3
Vun Ufank u setzt sech de Jaume Masia an der Qualifikatioun un d'Spëtzt an de Fuerer vum Lëtzebuerger Team Leopard verbessert bei senger drëtter Pole hannerteneen de Streckerekord vu 2016 ëm 1/10. De punktgläichen Daniel Holgadostart start vun der sechster Plaz an de Ayumo Sasaki ee Punkt hannendru vun der siwen.
D'Resultat vum Sprint
1 Jorge Martin Prima Pramac 21’00.734
2 Brad Binder Red Bull KTM +1.390
3 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +5.279
4 Jack Miller Red Bull KTM +6.194
5 Johann Zarco Prima Pramac +6.315
De Qualifying
MotoGP
1 Jorge Martin Prima Pramac 1’43.198
2 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +0.171
3 Jack Miller Red Bull KTM +0.353
4 Marco Bezzecchi Mooney VR46 +0.426
5 Brad Binder Red Bull KTM +0.511
6 Fabio di Giannantonio Gresini Racing +0.610
Moto2
1 Somkiat Chantra Idemitsu Honda 1’49.898
2 Ai Ogura Idemitsu Honda +0.120
3 Jake Dixon Inde GASGAS Aspar +0.160
Moto3
1 Jaume Masia Leopard Racing 1’56.331
2 Deniz Öncü Red Bull KTM Ajo +0.208
3 Matteo Bertelle Rivscold Snipers +0.320