D'nächst Saison wäert de 17 Joer ale Lëtzebuerger ee vun de Piloten am Formel-4-Championnat sinn.

De groussen Dram vu ville jonken Automobilsportler ass et sécherlech, fir eng Kéier an der Formel 1 ze fueren. Dacks huet de Wee hin zum professionelle Pilot beim Karting ugefaangen. Ee Lëtzebuerger huet dëse Schratt och gemaach - an zwar den Chester Kieffer. De jonke Motorsportler ass bis viru kuerzem bei RSD-Karting gefuer an RTL huet sech mat him ënnerhalen.

Wann een am Grand-Duché rezent iwwert d'Lëtzebuerger am Automobilsport geschwat huet, dann ass dacks den Numm Dylan Pereira gefall. Ee jonke Pilot wëll sech dann och an Zukunft en Numm maachen, an zwar den Chester Kieffer.

Fir sech beschtméiglech op d’Courssen ze preparéieren, trainéiert de 17 Joer ale Lëtzebuerger vill op de Circuiten zu Mariembourg oder och zu Genk. Donieft geet hien awer och reegelméisseg an de Fitness, fir physesch op der Héicht ze sinn, a setzt sech doheem och dacks a säin eegene Simulator, fir sech ze verbesseren.

Seng grouss Idoler am Automobilsport sinn de Sebastian Vettel an de Lando Norris, mä och de Carlos Rivas. De fréiere Pilot aus dem Porsche Carrera Cup Däitschland ass och déi eng oder aner Course vum Chester Kieffer mat dobäi a weess duerch seng Erfarung, op wat et ukënnt. Fir hien ass de mentale Beräich wichteg an awer och d'Experienz, déi mat der Zäit kënnt.

Grousse Support kritt den Chester Kieffer awer och vu sengem Papp Jean-Marc, deen, wéi och aner Familljememberen a Kolleegen, quasi bei all Course vum jonke Pilot mat dobäi ass. D’Zil ass et, d’Nowuesstalent beschtméiglech ze encadréieren, fir datt hie seng Dreem ka verwierklechen. Och mat der Gefor, datt et emol ka manner gutt lafen.

Datt et am Automobilsport och heiansdo emol op Millimeter ukënnt, ass bekannt. Dofir muss een am Kapp mental fit sinn. Aus deem Grond schafft den Chester Kieffer och mam Thierry Géant als Mentalcoach zesummen.

Als jonke Pilot huet den Chester Kieffer natierlech grouss Dreem, déi hie wëll verwierklechen. An der Formel 1 gesäit de Lëtzebuerger sech selwer awer net. Am léifste géif hien e Wierkspilot am GT-Sport ginn.

E Schratt hin zu dësem Dram huet den Chester Kieffer dunn dës Woch gemaach. No Tester an der Akademie zu Le Mans gouf d’Nowuesstalent vun der franséischer Federatioun ugeholl a wäert d’nächst Joer ee vu 26 Piloten am franséische Formel-4-Championnat sinn. Et däerf ee gespaant sinn, wou säi Wee nach hiféiert.