Bei der 30. Editioun vum Spa Six Hours waren zwee Lëtzebuerger Equipagen um Start.

Mat der Nummer 87 op engem Triumph TR4 hu sech de Philipe Vermast, Patrick Wilwert an de Michel Welter e Freideg bei stiermeschem Wieder mat vill Reen als 57. qualifizéiert.

Op déi 59. Plaz koum den Equipage Bob Kellen, Yann Munhowen a Max Schiltz, dee seng éischt Course um Circuit gefuer ass. Bei 95 Autoen um Start war dat eng gutt Ausgangspositioun fir d'Course iwwer sechs Stonnen e Samschdeg. Leider huet den Triumph no 12 Ronne mussen am Garage ofgestallt ginn, wéinst techneschem Defekt war duerno Schluss fir d'Ecurie Lëtzebuerg Piloten.

Bei perfektem Wieder huet de Ford Mustang vum Wengler Racing et op déi 32. Plaz gepackt. An hirer Klass war et souguer Plaz 3 an deemno gouf et als Belounung och nach Couppe fir d'Piloten. Den nei opgeriichten Auto ass déi sechs Stonne bei sengem éischten Asaz ouni Problemer gelaf.

Gewonne gouf d'Course vum Equipage Griffith, Shedden a Priaulx um Ford GT40 mat der Nummer 14 virum Team Jordan, Tordoff an Dorlin op engem Lotus Elan mat der Nummer 600 an Drëtte gouf den Equipage Wood, Nuthall a Lyons, och op engem Ford GT 40 mat der Startnummer 25.

Ervirzehiewen nach déi 7. Plaz op engem Ford GT40 vun der Scuderia Fillipinetti, den dräifachen Indy-500-Gewënner Dario Franchitti, säi Brudder de Mario an de siwefachen Nascar-Champion Jimmie Johnson.