Beim drëttleschte Rallye vun der Saison kënnen den Ott Tänak an de Martin Järveoja hir zweet Victoire um Ford Puma Rally1 feieren, no Schweden am Februar.

Virun allem e clevere Pneuechoix huet den Duo aus Estland gehollef de Rallye am Chile ze gewannen, dat well d'Schotterspecialen extrem usprochsvoll fir d'Pneue waren. Vill Piloten haten domat ze kämpfen, dass se um Enn vun de Speciallen kee Gummi méi um Pneu haten.

Domat hat och de Lëtzebuerger/belschen Duo Grégoire Munster a Louis Louka um Samschdeg Erfarung gemaach. Si haten eng Sortie wéinst schlechte Pneuen, woubäi se dunn zwee Pneue beschiedegt hunn an déi op der Speciale hu musse wiesselen. Doduerch hu se 8 Minutten am General verluer a sinn am Klassement bis op Plaz 16 zeréckgefall.Um leschten Dag waren nach 4 Speciallen ze fueren, an och do ware se net vu Problemer befreit. Fir d'éischt um Routier e klengen Accident, duerno Problemer mat de Bremsen, wouduerch se net méi attackéiere konnten an et just nach ëm d'Ukomme gaangen ass.Si gi bei hirem Debut op engem Ford Puma Rally1 déi 13. am General.

RTL

© AFP

Nodeems op der zweetleschter Special den Teemu Suninen eng Sortie mat sengem Hyundai i20 Rally1 hat, ass de Belsch Thierry Neuville op Plaz 2 am Generalklassement eropgerutscht.

Och profitéiert hunn den Elfyn Evans an de Scott Martin, well si kommen doduerch mat hirem Toyota Yaris Rally1 op Plaz 3 an deemno nach op de Podium. Duerch hiert Resultat hale se d'Rallye-WM nach weider oppen, well de Kalle Rovanperä an de Jonne Halttunnen hunn elo nach net genuch Virsprong, fir schonn am Chile d'Titelverdeedegung ze feieren.

Glécklech Gewënner am Chile waren d'Esten Ott Tänak a Martin Järveoja um Ford Puma Rally1. Si haten déi ganz Saison iwwer dacks technesch Problemer, deemno war d'Freed no der zweeter Victoire vun der Saison ëm sou méi grouss. Et ass hir zweet Victoire am Chile, no 2019 mat Toyota.

Schlussklassement

1.Tänak Ott - Järveoja Martin
Ford Puma Rally1
RC1
M
3:06:38.1 
2.Neuville Thierry - Wydaeghe M.
Hyundai i20 N Rally1
RC1
M
3:07:20.2+42.1
3.Evans Elfyn - Martin Scott
Toyota GR Yaris Rally1
RC1
M
3:07:45.0+1:06.9
4.Rovanperä Kalle - Halttunen J.
Toyota GR Yaris Rally1
RC1
M
3:08:49.1+2:11.0
5.Katsuta Takamoto - Johnston Aaron
Toyota GR Yaris Rally1
RC1
M
3:11:19.6+4:41.5
6.Solberg Oliver - Edmondson E.
Škoda Fabia RS Rally2
RC23:14:56.6+8:18.5
7.Greensmith Gus - Andersson Jonas
Škoda Fabia RS Rally2
RC23:15:22.4+8:44.3
8.Pajari Sami - Mälkönen Enni
Škoda Fabia RS Rally2
RC23:15:58.7+9:20.6
9.Rossel Yohan - Dunand Arnaud
Citroën C3 Rally2
RC23:16:32.0+9:53.9
10.Gryazin Nikolay - Aleksandrov K.
Škoda Fabia RS Rally2
RC23:16:46.3
0:10
+10:08.2
11.Rosselot Emilio - Cañete Tomas
Citroën C3 Rally2
RC23:21:36.9+14:58.8
12.Heller Pedro - Olmos Pablo
Citroën C3 Rally2
RC23:21:48.7+15:10.6
13.Munster Grégoire - Louka Louis
Ford Puma Rally1
RC13:23:17.8
1:20
+16:39.7

Toyota ass Weltmeeschter bei den Hiersteller

Och bei Toyota gouf et Grond am Chile ze feieren, well duerch den Ausfall vum Suninen huet Hyundai net genuch Punkte fir d'Konstrukteurs-WM gesammelt an Toyota ass no Chile elo schonn als Marke-Weltmeeschter bestätegt.

Si hu 466 Punkten, virun Hyundai mat 360 an M-Sport/Ford mat 247.

Decisioun an der Pilote-WM nach net gefall

Et bleiwen elo nach zwee Rallye an der WM ze fueren. Enn Oktober de Central Europe Rallye an Däitschland/Éisträich/Tschechien, a Mëtt November dann a Japan.

Punkten an der Rallye-WM
Rovanperä 217
Evans 186
Neuville 155
Tänak 146
Ogier 99

Maximal 30 Punkte kann en Equipage pro Rallye kréien. Deemno kéint d'Decisioun elo bei der 1. Editioun vum Central Europe Rallye falen, wann de Rovanperä op d'mannst d'selwecht vill Punkte kritt wéi den Evans.