Jorge Martin wënnt Sprint an ass neie WM-Leader

© AFP
Schonns an der Qualifikatioun gouf et vill Iwwerraschungen an da Bagnaia ass no iwwer engem Joer un der WM-Spëtzt ofgeléist ginn.
Virun der Saison gouf gefaart, datt Ducati d'MotoGP dominéiert. Tatsächlech leien dräi Ducatien un der Spëtzt, ma déi si vun 3 verschiddenen Ekippen a leien an Indien no wëllen Trainingen an dem Qualifying just op 6, 9 an 13. Dobäi ass de Weltmeeschter a Leader Francesco Bagnaia souguer am Q1 hänke bliwwen, de Marco Bezzecchi ass just 9. ginn an de Jorge Martin huet et esou just an déi 2. Rei gepackt. Vir huet sech de Luca Marini seng iwwerraschend éischt Pole am MotoGP virun den Apriliaen geséchert, déi no exzellenten Trainingen dorops gehofft haten. No engem uerdentleche Start am Sprint huet sech de Jorge Martin ëmmer méi no vir geschafft, wärend den Aleix Espargaro zeréckgefall war an an der 2. Ronn gefall ass. Dobäi huet hien de Brad Binder ofgeruamt. Gefall ass och de Marc Marquez, wärend de Fabio di Giannatonnio als 6. säi bescht Resultat gefeiert huet. Wuel ass hannendrun de Weltmeeschter nach op 8 knapps an d'Punkte komm, ma mat senger 4. Sprintvictoire hannerteneen iwwerhëlt de Jorge Martin de Lead. De Maverick Viñales huet op de leschte Ronnen dann och nach d’VR46-Fuerer misste laanscht loossen, déi knapps 1 resp. 2 Wochen no enger Schlësselbeen-OP schonns nees um Podium stoungen.
Qualifying vun der Moto2
De WM-Leader Pedro Acosta ass eng staark Ronn gefuer a muss mat 4 Honnertstel Sekonne Réckstand op den Aron Canet an déi zweete Rei. Esou extrem enk war et an der Moto2 am Qualifying. De Manuel Gonzalez verpasst eng éischt Pole a senger Karriär dobäi ëm minimal 3 Dausendstel Sekonnen. Mat 2,5 Zéngtelssekonne muss de WM-Zweeten Tony Arbolino als 10. dogéint nees an déi véiert Rei.
Qualifying vun der Moto3
Géint ee staarken Diogo Moreira konnt sech de WM-Leader Jaume Masia net fir seng 4. Pole Position noeneen duerchsetzen, kënnt awer nach bis op 4 Honnertstel erun. Säi Verfolger an der WM Ayumo Sasaki (+6 Punkten) start als 11. just aus der véierter Rei, den Daniel Holgado (+9) als 7. aus der drëtter Rei.
D'Resultat vum Sprint
1 Jorge Martin Prima Pramac 19:49.711
2 Luca Marini Mooney VR46 +1.131
3 Marco Bezzecchi Mooney VR46 +2.081
4 Maverick Viñales Aprilia +2.720
5 Fabio Quartararo Monster Energy Yamaha +3.121
De Qualifying
MotoGP
1 Luca Marini Mooney VR46 1:29:978
2 Maverick Viñales Aprilia +0.031
3 Aleix Espargaro Aprilia + 0.154
4 Fabio Quartararo Monster Energy Yamaha +0.538
5 Brad Binder Red Bull KTM +0.720
6 Jorge Martin Prima Pramac +0764
Moto2
1 Aron Canet Pons Wegow Los40 1:34:155
2 Manuel Gonzalez Correos Prepago Yamaha +0.003
3 Filip Salac QJMOTOR Gresini +0.019
Moto3
1 Diogo Moreira MT Helmets – MSI 1:39:085
2 Jaume Masia Leopard Racing +0.040
3 David Alonso Gaviota GASGAS Aspar +0.225