E Sonndeg ass an dëser Saison mam Grousse Präis vun Indonesien déi 15. Manche an der Motorrad-Weltmeeschterschaft gefuer ginn.

Den Titelverdeedeger Francesco Bagnaia (Ducati) huet de Grousse Präis vun Indonesien gewonnen an nees d'Féierung an der MotoGP iwwerholl. Den Italieener stoung bei der Haaptcourse e Sonndeg no senger enttäuschender aachter Plaz am Sprint nees ganz uewen um Podium. De Spuenier Maverick Vinales (Aprilia) gouf knapp hannert dem Bagnaia Zweeten, de Fransous Fabio Quartararo (Yamaha) ass als Drëtten ukomm.

De Spuenier Jorge Martin, Markekolleeg vum Bagnaia bei Ducati, konnt d'Course no enger Chute net op en Enn fueren. De Martin hat e Samschdeg mat senger Victoire am Sprint fir d'éischte Kéier a senger Karriär d'Féierung am WM-Klassement iwwerholl. Huet dës dann e Sonndeg nees missen ofginn.

Um RTL Play fannt Dir de Replay vun de Courssen an Indonesien.

An der Moto2 huet de Pedro Acosta mat senger Victoire an Indonesien seng Féierung am General weider ausgebaut. De Polesetter Aron Canet huet sech misse mat der 2. Plaz zefridde ginn, wärend de Fermin Aldeguer den Drëtte ginn ass. Den Acosta läit elo 65 Punkte virum Arbolino, deen e Sonndeg de Véierte ginn ass.

An der Moto3 gouf et eng Première. Den Diogo Moreira huet seng éischt Moto3-Course gewonnen. An enger enker Course huet hie sech virum David Alonso an dem David Munoz behaapt. De Leader am General Jaume Masia ass net iwwert déi siwent Plaz erauskomm.
Vun Indonesien geet et fir d'Motorradsfuerer weider an Australien, Thailand, Malaysia a Katar, Enn November ass dann d'Finall vun der Saison zu Valencia a Spuenien.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 F. Bagnaia Ducati Ducati 41:20.293
2 M. Vinales Aprilia Aprilia 0.306
3 F. Quartararo Yamaha Yamaha 0.433

Moto2

1 P. Acosta Kalex 34:51.641
2 A. Canet Kalex 2.044
3 F. Aldeguer Boscoscuro 4.716

Moto3

1 D. Moreira KTM 33:19.002
2 D. Alonso GasGas 0.107
3 D. Munoz KTM 0.130

De General

MotoGP

1. Francesco Bagnaia 346
2. Jorge Martin 328
3. Marco Bezzecchi 283

Moto2

1. Pedro Acosta 277
2. Tony Arbolino 212
3. Jake Dixon 172

Moto3

1. Jaume Masia 209
2. Ayumu Sasaki 193
3. Daniel Holgado 192