3. Plaz fir de Kevin Peters bei der Autocross-EM

© RTL
Am Autocross huet de Kevin Peters virun engem Joer zu Mollerrussa d’Coupe an den Titel als Europameeschter gewonnen.
Dat Joer virdrun hat hien deen an enger dramatescher Finall knapp verpasst. Och dëst Joer WAR et tëscht den éischte Fënnef nees ganz enk. D'Decisioun ass eréischt bei der leschter Course vun der Saison gefall.
Am katalanesche Mollerussa ass et déi traditionell grouss Finall vun der Europameeschterschaft am Autocross. Net nëmme wéinst den ongewéinlechen 30 Grad nach am Oktober kommen d'Fuerer zolidd un d'Schweessen. An de meeschte Kategorien ass et nach ëm den Titel gaangen an déi Éischt dräi vun de Buggy 1600 louche keng 20 Punkten auserneen. Virum Europameeschter Kevin Peters louchen nach den däitsche Markus Wibbeler an den tschechesche Leader Jakub Novotny.
Als Éischten an der Qualifikatioun hat de Kevin Peters do schonn emol alles richteg gemaach. Ma nach louch de Jakub Novotny 15 Punkte vir an an der Finall ginn et 25 Punkte fir d’Victoire.
An der Halleffinall war et nees ee gudde Start vum Europameeschter, ma de ganze Pak war mat Vollgas an déi enk drëtte Kéier gefuer. Hei gouf de Lëtzebuerger bësse vun der Nätzt iwwerrascht an huet sech gedréint.
Nom Incident konnt de Kevin Peters awer lues Konkurrent fir Konkurrent iwwerhuelen, fir um Enn esou just an d'Finall ze kommen.
De Kevin Peters ass vu ganz hannen an d'Finall hannen. Ganz vir stoung nieft dem Leader Novotny mat der 104 och nach de 5. aus der EM Steven Laubach mat der 114. an direkt hannendrun de Markus Wibbeler mat der 107. Dee läit just 4 Punkten hannert dem Novotny a si hunn allebéid dës Saison schonns 2 Coursse gewonnen, de Kevin Peters nach keng. Hie war zwar dacks an den Top5, ma ëmmer gouf et iergend ee klénge Problem, een Accrochage oder eng Pann. De spannenden Duell ëm den Titel huet sech dunn an der virleschter Ronn entscheet.
De Jakub Novotny ass Europameeschter, de Markus Wibbeler Zweeten an de Kevin Peters packt et als Drëttebn eng weider Kéier op de Podium.