Johan Zarco gewënnt säin éischte GP - Sprint gouf ofgesot

© Photo by Paul CROCK / AFP
Wéinst Wiederwarnung gouf d'Course schonns um Samschdeg gefuer. An enger dramatescher Schlussphas hëlt de Fransous nach säin Teamkolleeg Jorge Martin an.
No enger staarker Pole huet de "Martinator" mat gewinnt guddem Start alt nees direkt d’Spëtzt vun der Course iwwerholl an de Jorge Martin huet sech séier op eng ronn 4 Sekonnen ofgesat. Hannendrun gouf et wëll éischt Ronne mat villen Iwwerhuelmanövere vun engem Grupp, wou laang kee laanscht de Weltmeeschter Francesco Bagnaia op Plaz 3 koum. Just de Brad Binder op KTM hat sech op d'Poursuitte vum Martin gemaach.
Nodeem hie leschte Weekend als Véierten emotional säin éischt Toppresultat gefeiert huet, dréckt sech een iwwerraschenden Fabio Di Giannantonio awer nom éischte Renndrëttel laanscht de WM-Leader Bagnaia a schafft sech no an no un de Binder erun. Den italieenesche Gresini-Fuerer, deen no dem Marc Marquez sengem Wiessel vu der Wierkshonda bei d’klengt Satellittenteam fir 2024 nach ouni Moto ass, fiert dann ee puer Ronne souguer op Plaz 2 an hëlt op de Jorge Martin op.
Deen hat gepokert a fiert als ee vu just dräi Piloten hanne mat engem mëlle Pneu. Déi lescht fënnef Ronne verléiert den Zweeten aus der Weltmeeschterschaft dann ëmmer méi Zäit op de Brad Binder zesumme mam Ducati-Trio Di Giannantonio, Zarco a Bagnaia. Ënnert deene setzt sech de Johann Zarco déi virlescht Ronn un d'Spëtzt a stiermt aacht Kéiere virum Zil zesumme mam Francesco Bagnaia dann och laanscht säin Teamkolleg Martin. Séier kënnt och de Fabio Di Giannantonio laanscht a nieft der éischter Victoire vum Johann Zarco an der MotoGP feiert hien da säin éischte Podium. An der leschter Kéier dréckt sech an der enker a spannender Schlussphas dann och nach de Brad Binder laanscht de Jorge Martin.
D'Resultat vum GP
1 Johan Zarco Prima Pramac 40:39.446
2 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +0.201
3 Fabio Di Giannantonio Gresini +0.477
4 Brad Binder Red Bull KTM +0. 816
5 Jorge Martin Prima Pramac +1,008
Kee Sprint e Sonndeg
Ob um Sonndeg e Sprint gefuer gëtt oder net, hat d'Rennleedung vun Ufank u vum Wieder ofhängeg gemaach. Nodeem d'Moto3 gefuer an d'Moto2 ofgebrach gouf, huet een d'Decisioun geholl, de Sprint an der MotoGP wéinst ze staarkem Wand ofzesoen.
Moto2
Déi wéineg Boscoscuro-Chassië weise sech an Australien als besser an de Fermin Aldeguer hëlt mat neiem Ronnerekord seng éischt Polepositioun vun der Saison. Hannert dem Aron Canet komplettéiert säin Teamkolleg Alonso Lopez dann déi éischt Startrei. De souveräne Leader vum Championnat Pedro Acosta start da vu Plaz 5.
An der wéinst dem Wieder verkierzter Course, bei der vill Pilote gefall waren, konnt sech den Tony Arbolino duerchsetzen, dat virum Aron Canet an dem Fermin Aldeguer.
der Moto3
Ënnert dem Trio am Kampf em den Titel packt den Ayumu Sasaki endlech nees ee gudde Qualifying an hëlt virum Joel Kelso a Stefano Nepa seng 5. Pole vun der Saison. Mam Qualifying hat de Daniel Holgado wéi gewinnt Problemer, muss duerch d’Q1 a start nëmme vu Plaz 11. Ongewinnt awer de Leader Jaume Masia op der 13, dee kuerz viru Schluss dem ville Trafic wollt entgoen, ma du kéng Zäit méi fir eng séier Ronn hat.
Déi 25 Punkte vun der Course konnt sech den Deniz Öncü sécheren, dat virum Ayumu Sasaki an dem Joel Kelso.