No zwou schwierege Grand-Prix-Coursse gewënnt de Jorge Martin säi fënnefte Sprint hannerteneen.

E wéist am spannenden Duell mat dem Weltmeeschter, datt hien aktuell de Séiersten ass.

Am Qualifying bleiwen direkt déi éischt Véier ënnert dem ale Streckerekord a grad déi zwee Mooney VR46-Pilote weise just puer Wochen no hire Schlësselbeebréch nees eng staark Leeschtung. Virun alle läit awer de Jorge Martin, dee seng véierte Pole vun der Saison hëlt. D’Ofstänn an Thailand sinn awer kleng. Am Training louchen déi éischt 18 just 6 Zéngtelssekonnen auseneen. Déi staark Trainingsresultater vun Aprilia konnt awer just den Aleix Espargaro am Qualifying ëmsetzen. No engem Verbremser a senger leschter séierer Ronn packt et de WM-Leader Francesco Bagnaia als 6. nach esou just an déi éischt zwou Startreien, wou hien hannert dem Véierten aus der WM Brad Binder steet.

Chancen op den Titel hunn awer just nach dräi Ducatien vun dräi verschiddenen Equippen aus den éischten zwou Startreien. An do setzt sech virun der éischter Kéier ee souveräne Jorge Martin op der Brems géint de Luca Marini duerch a mat séiere Ronnen op 2 Sekonnen of. Déi hie bei senger nächster Start-Ziel-Victoire, der 5. Victoire am Sprint hannerteneen, just nach verwalt. Wärend hannert him Marini, Aleix Espargaro, Brad Binder an och de Marc Marquez em déi wieder Podiumsplaze streiden, war de Weltmeeschter Francesco Bagnaia schlecht gestart an an der éischter Ronn weider zeréck gefall. Un der Spëtzt vun enger Verfolgergrupp huet hie sech an der Ufanksphase als Néngten un engem WM-Punkt festgeklammert, huet duerno awer vum Fight vu Johann Zarco an Alex Marquez em d’siwent Platz profitéiert, fir selwer op déi no vir ze fueren.

Bei elo nach 7 Courssen (dovunner 3 am Sprint) a maximal 136 Punkte waart de Sechsplacéierte vum Sprint Marco Bezzecchi mat senge 74 Punkte Réckstand op Feeler vun de Spëtzereider. Mat elo just nach 18 Punkte Virsprong op de Jorge Martin muss de Francesco Bagnaia nämlech weider vill Risiko goen, wëll am Grand Prix start de 25-järege Spuenier nees vu ganz vir.

Qualifying vun der Moto2

Bei de leschte véier GP ginn an de klenge Klassen nach 100 Punkte verdeelt a mat 56 Punkte Virsprong huet de Pedro Acosta een éischte Matchball. No sengem Ronnerekord um Freideg kënnt de jonke Spuenier hannert dem Fermin Aldeguer awer „nëmmen“ op déi 2. Startplaz, viru sengem Teamkolleeg Albert Arenas. Mat enger Chute am drëtten Training hat den Zweeten an der WM Tony Arbolino direkt vill Problemer. Ma hie koum als Zweete vun der éischter Qualifying nach an’t  Course fir déi éischt 4 Startreien. Eng gutt hallef Sekonn méi lues wéi de Fermin Aldeguer start hien als 8. aus der drëtter Startrei wéi gewinnt vu wäit hannen.

Qualifying vun der Moto3

Mat senger véierter Pole des Saison weist de Deniz Öncü, dat och hien nach Ambitiounen op den Titel huet. Ma hie läit punktgläich mam David Alonso 37 Punkten hannert dem Leader Jaume Masia mat dem sengen 217 Punkten an enger 7. Startplaz. Just 4 Punkten hannert dem Leopard-Fuerer fiert dogéint de Ayumu Sasaki als Drëtte a just enger Dausendstel Sekonn Réckstand op den Diogo Moreira de beschte Qualifying vum Spëtzentrio. An dem huet den Daniel Holgado bëssi Schwieregkeeten a start als 11. aus der véierter Rei direkt virum David Alonso.

D'Resultat vum GP

1 Jorge Martin Prima Pramac 19:41.593
2 Brad Binder Red Bull KTM +0.933
3 Luca Marini Mooney VR46 +1.841
4 Marc Marquez Repsol Honda +3.503
5 Aleix Espargaro Aprilia + 4.029

De Qualifying

MotoGP

1 Jorge Martin Prima Pramac 1:29.287
2 Luca Marini Mooney VR46 +0.138
3 Aleix Espargaro Aprilia + 0.174

4 Marco Bezzecchi Mooney VR46 +0.196
5 Brad Binder Red Bull KTM +0.209
6 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +0.240

Moto2

1 Fermin Aldeguer Beta Tools SpeedUp 1:35.371
2 Pedro Acosta Red Bull KTM Ajo +0.177
3 Albert Arenas Red Bull KTM Ajo +0.319

Moto3

1 Deniz Öncü Red Bull KTM Ajo 1:42.061
2 Diogo Moreira MT Helmets – MSI +0.057
3 Ayumu Sasaki Liqui Moly Husqvarna +0.058