Rovanperä nees Weltmeeschter, Grégoire Munster mat staarker Leeschtung

© AFP
Dëse Weekend gouf an Däitschland, Éisträich an an Tschechien den zweetleschte Weltmeeschterschaftslaf vun der Saison gefuer.
Et war déi éischte Kéier, dass dëse Rallye organiséiert gouf, dëst mat dem dach ongewéinleche Konzept, dass net just an engem Land gefuer gouf, ma verdeelt iwwer 4 Deeg an 3 verschiddene Länner.

© AFP
Lassgaangen ass et schonn donneschdes owes mat zwou Speciallen an Tschechien. Direkt op der 1. Special konnt de Lëtzebuerger Grégoire Munster op sech opmierksam maachen. Hien ass dëse Weekend säin zweete Rallye um Ford Puma Rally1 gefuer, a koum op déi 6. Plaz op WP1. Domat hat hien ënnert anerem Leit wéi Katsuta oder Evans hannert sech gelooss. Op der zweeter Special hu sech déi méi experimentéiert Piloten dann awer e bëssen ofgesat, an et war nom 1. Dag Plaz 10 am General, mat 15 Sekonne Réckstand op de Leader Thierry Neuville.
Freides du stounge 6 Speciallen um Programm, dëst nees an Tschechien. D'Wieder huet hei eng ganz grouss Roll gespillt, well de ville Reen huet fir ganz schwiereg Stroosseverhältnisser gesuergt. Doduerch koum et dann och zu enger Partie Accidenter. Ënnert anerem hat et de Finn Esapekka Lappi erwëscht, dee säin Auto op der 5. Special zerstéiert huet.
Den Duo Munster/Louka huet sech ënnert dëse schwierege Bedingunge ganz gutt aus der Affär gezunn a war op verschiddene Speciallen och méi séier wéi d'Teamkolleege Pierre-Louis Loubet/Benjamin Veillas. De Loubet huet scho vill méi Erfarung um Ford Puma Rally1.
Nom zweeten Dag leien de Grégoire Munster an de Louis Louka op Plaz 8 am General, iwwerdeem de Finn Kalle Rovanperä sech eng komfortabel Féierung vu 36,4 Sekonnen op den Thierry Neuville erausgefuer war.

© AFP
E Samschdeg ass et dunn eriwwer an Éisträich gaangen. Op der 11. Special huet et hei den Elfyn Evans erwëscht, deen nach kleng Chancen op de WM-Titel hat, falls e méi Punkte wéi de Rovanperä gemaach hätt. Ma bei enger Sortie gouf säin Toyota Yaris esou beschiedegt, dass en um Samschdeg net méi weiderfuere konnt. Dat war dann och de Moment, wou de Rovanperä e bëssen Tempo erausgeholl huet. Fir hie goung et vun deem Ament u just nach drëm de Rallye fäerdeg ze fueren, fir fréizäiteg säin zweete Weltmeeschtertitel feieren ze kënnen.
Den Duo Munster/Louka ass ëmmer besser mam Ford Puma eens ginn, a konnt souguer op WP11 eng 4.-bescht Zäit am General fueren. Nom Samschdeg loung de Lëtzebuerger/belschen Duo op Plaz 7 am General, iwwerdeem Neuville/Wydaeghe um Hyundai i20 N Rally1 nees d'Féierung iwwerholl haten, viru Rovanperä/Halttunen um Toyota GR Yaris Rally1 an Tanäk/Järveoja op Ford Puma Rally1.
Sonndes stounge just nach 4 Speciallen um Programm. Bis virun der leschter Special hat sech un der Spëtzt näischt méi gedoen. Et huet deemno fir de Rovanperä just nach geheescht déi 16,37km ouni Accident oder techneschen Ausfall iwwert d'Bün ze kréien. Dat ass him dann och gelongen, wouduerch den eréischt 23 Joer jonke Finn säin zweete Weltmeeschtertitel feiere konnt, obwuel nach ee Rallye ze fuere bleift.

© AFP
Gewonne gouf déi 1. Editioun vum Central European Rally vum belschen Duo Neuville/Wydaeghe op Hyundai i20 N Rally1, virum neie Weltmeeschterduo Rovanperä/Halttunen op Toyota GR Yaris Rally1 an Tanäk/Järveoja aus Estland op Ford Puma Rally1.

© AFP
De Grégoire Munster an de Louis Louka kommen op eng ganz staark 7. Plaz am Schlussklassement, dat um Ford Puma Rally1, mat deem se no Chile eréischt eng zweete Kéier gefuer sinn.
Den Auto gehéiert dem Jourdan Serderidis, deen him den Auto fir déi zwee Rallyen, a Kollaboratioun mat M-Sport, zur Verfügung gestallt hat.
Wéi dem jonke Lëtzebuerger seng Karriär weidergeet, ass aktuell nach net gewosst, ma zumindest huet e bei den zwee Rallyen op engem Rally1-Auto e gudden Androck op internationaler Bün hannerlooss.
Beim leschte WM-Laf vun der Saison a Japan, sëtzt de Grégoire Munster nees hannert dem Steier vum Ford Fiesta Rally2. Zejoert konnt hien hei bei extreeme Wiederbedingungen e super Resultat um Hyundai i20 N Rally2 feieren. Hie war hei de 7. am General ginn, hat d'WRC2-Kategorie gewonnen, a sech domat och e Cockpit fir d'Saison 2023 bei M-Sport geséchert.

© AFP
Nach 1 Rallye ze fueren an der WM 2023
De leschte Rallye vun der Saison gëtt vum 16.-19. November a Japan gefuer. Hei kann Toyota dann net just de Marke-Weltmeeschtertitel feieren, ma och dem alen an neie Weltmeeschter Kalle Rovanperä gratuléieren. Fir de Katsuta, och op Toyota GR Yaris, ass dëse Rallye natierlech och e spezielle Rendez-vous. Hie wäert probéieren hei nees kënnen eng Top3-Platzéierung erauszefueren.