Victoire fir de Jorge Martin virum Francesco Bagnaia

© AFP
E Sonndeg de Moie stoung an Thailand déi 17. MotoGP-Manche vun der Saison um Programm.
Hei konnt de Spuenier Jorge Martin seng éischt Plaz aus dem Qualifying souverän verdeedegen an d'Course um Enn virum aktuelle Weltmeeschter Francesco Bagnaia fir sech entscheeden. Béid Fuerer sinn aus verschiddenen Ekippen, fueren awer an Ducatien. De Brad Binder ass iwwerdeems op déi 3. Plaz komm.
Den Italiener Bagnaia konnt sech no engem schlechte Qualifying um Samschdeg deemno nees verbesseren a soumat d'Féierung am General verdeedegen. Säi Virsprong op de Martin läit awer elo just nach bei 13 Punkten, dat bei nach 3 Grousse Präisser um Programm.
Um RTL Play fannt Dir de Replay vun de Courssen.
An der Moto 2 gouf et an Thailand eng Victoire fir de Fermin Aldeguer. De Spuenier konnt sech viru sengem Landsmann Pedro Acosta an dem Lokalmatador Somkiat Chantra duerchsetzen. Den Tony Arbolino gouf just dee Véierten, woumat den Acosta seng Féierung am General weider ausbaue kann.
An der Moto 3 ass den David Alonso op déi 1. Plaz komm a kann domat Buedem am General guttmaachen. Den Taiyo Furusato an de Collin Veijer komplettéieren de Podium, mam Jaume Masia ass de Leader am General op déi 4. Plaz komm. Dem Spuenier seng Avance läit awer elo nees bei 17 Punkten, well mam Ayumu Sasaki den Zweeten am General d'Course net op en Enn gefuer ass.