Eng kleng Sortie op der 12. Speciale muss de Grégoire Munster deier bezuelen

© Grégoire Munster / Facebook
Eng Top6-Plazéierung wier méiglech gewiescht, ma e klenge Fuerfeeler huet den Duo Munster/Louka aus der Course geholl. Un der Spëtzt bleift et spannend.
Nodeems de Lëtzebuerger Pilot am Déngscht vun M-Sport de Samschdeg extreem staark ugefaangen hat, mat enger drëttbeschter Zäit op der 9. Speciale, konnt ee sech fir déi weider 5 Speciallen erhoffen, dass d'Progressioun an deem Sënn weidergeet.
Hien hat en aneren, méi riskante Pneuechoix getraff, fir d'Speciallen e Samschdeg de Moien. Dat hat sech och direkt op der 9. Speciale als richteg erwisen, well do konnt hie Leit wéi Sébastien Ogier oder Ott Tänak hannert sech loossen. Just den Thierry Neuville an den Elfyn Evans waren nach en Tick méi séier wéi de Munster.
Dobäi sot de Lëtzebuerger op der Arrivée, dass säi Pneuechoix eigentlech eréischt fir déi Speciallen duerno sollt den néidegen Ënnerscheed bréngen, mat et hat sech schonn direkt op der 1. Speciale vum Dag ausgezuelt. Am General si se viru Mikkelsen/Eriksen um Hyundai i20 Rally1 komm, dat mat enger Avance vu 4,3 Sekonnen.
Och op der 10. Speciale ware Munster/Louka um M-Sport Ford Puma Rally1 nees staark ënnerwee. Si konnten ënnert anerem hir Teamkolleege Fourmaux/Coria hannert sech loossen an och de Virsprong op Mikkelsen/Eriksen liicht ausbauen.

© AFP
Selwechten Zeenario op der 11. Speciale, deemno der leschter Speciale vun der 1. Boucle vum Dag. Och hei war de Lëtzebuerger-belschen Duo um Ford Puma méi séier wéi Fourmaux a Mikkelsen. Deemno war d'Rechnung mam Pneuechoix voll opgaangen a si loungen op Plaz 6 am General, 5 Sekonne virum Mikkelsen um Hyundai.
Am Nomëtteg stoung dunn nees déi Speciale um Programm, op där se moies déi drëttbescht Zäit gefuer waren. Leider sollt et hei dann awer net zu engem Happy End kommen, well an enger Lénkskéier ass de Munster un d'Rutsche komm an eréischt riets bausse widdert enger hëlzener Leitplank un d'Stoe komm. Den Auto gouf dobäi weider net beschiedegt, ma well d'Rieder op der rietser Säit iwwert de Bord ewech houngen a kee Kontakt mam Asphalt haten, an den Auto esou um Ënnerbuedem oploung, si se do net méi vum selwe fortkomm.
Domat war hire Schaffdag um Samschdeg fréizäiteg eriwwer, an d'Enttäuschung deementspriechend grouss. En Top6-Resultat wier méiglech gewiescht, ma elo heescht et um Sonndeg mat enger ganzer Partie Strofminutten nees untrieden, fir do eventuell nach wichteg Erkenntnisser fir de Recht vun der Saison ze sammelen.

© AFP
Un der Spëtzt vum Rallye ass et iwwerdeems Schlag op Schlag gaangen tëscht dem Belsch Thierry Neuville an dem Fransous Sébastien Ogier. Béid hu sech en immens spannenden Duell geliwwert an d'Féierung huet e puer Mol gewiesselt.
No der 14. an domat leschter Speciale vum Dag, war et den Thierry Neuville mat sengem Copilot Martijn Wydaeghe, déi d'Nues knapps virhaten, nodeems se eng sensationell gutt Speciale gefuer sinn. Mat engem Virsprong vun 3,3 Sekonne gi se e Sonndeg um Hyundai i20 N Rally1 an de leschten Dag.

© AFP
Hei bleiwen nach 3 Speciallen ze fueren. Op Plaz 2 sinn Ogier/Landais an op 34,9 Sekonne kommen dann Evans/Scott, allebéid op Toyota Yaris GR Rally1.
Zanter dësem Joer gëtt et en neie Punktesystem, deen dofir suerge soll, dass och sonndes nach gekämpft gëtt ëm d'Beschtzäiten. Dat war an de leschte Joren e bësse verluer gaangen a jiddereen huet just seng Pneue geschount, fir dann op der leschter Speciale, der sougenannter "Power Stage" nach emol alles ze ginn, fir Bonuspunkten ze sammelen.
Déi Bonuspunkte kritt een ëmmer nach, ma et ginn och scho samschdes Punkten um Resultat verdeelt, an en Deel dann och nach sonndes.
Sou kritt den 1. am Klassement vum Samschdeg z.b. 18 Punkten, den Zweeten der 15 an den Drëtten der 13, virausgesat si kommen och sonndes an d'Zil. Sonndes kann een dann nach emol 7 Punkte sammelen, wann een den Dag fir sech entscheet. Da kéim een am beschte Fall op 25 Punkten, a fir d'Power Stage ginn et nach emol 5 Punkten.
D'Iddi dohannert ass et wéi gesot, fir och de Sonndeg weider spannend ze halen.
Ob dat esou klappt, wäert d'Zukunft weisen.

© AFP