De Lëtzebuerger Grégoire Munster fiert dëst Joer an der Rallye-Weltmeeschterschaft mat, der héchster Kategorie am Rallyesport.

No der Rallye Monte-Carlo, der éischter Manche vun der Rallye-Weltmeeschterschaft, war de Pilot op Besuch zu Lëtzebuerg an am Kader vun der Visitt hu mir vun der Geleeënheet profitéiert fir nozefroen, wéi hien den Optakt vum Championnat erlieft huet, well Rallye Monte-Carlo ass net nëmmen den Optakt vun der Weltmeeschterschaft, mä et ass och déi Plaz, wou de Rallyesport gebuer gouf.

De Grégoire Munster louch wärend dëser éischter Manche phaseweis op enger gudder 6. Plaz am General, éier eng Sortie op der 12. Speciale d’Chancen op eng Top10-Plaz zerstéiert huet. Ënnert anerem doriwwer hu mir am 25 Joer ale Pilot geschwat.