Rovanperä gewënnt, Charles Munster op Plaz 13, Grégoire Munster op 15

© Tony KARUMBA / AFP
Den 3. Laf vun der Rallye-Weltmeeschterschaft ass am Kenia gefuer ginn, dat op ganz graffem Terrain, deen d'Material staark beusprocht huet.
Mat um Depart waren och de Grégoire Munster zesumme mam Louis Louka op Ford Puma Rally1, grad ewéi säi klenge Brudder Charles Munster a Loïc Dumont op Hyundai i20 N Rally2.
De Grégoire Munster fiert jo déi komplett Rallye-WM am Wierksteam vun M-Sport Ford. Bei dësem Rallye war et haaptsächlech drëm gaangen Erfarungen ze sammelen, a wa méiglech ouni gréissere Feeler duerchzekommen. Dat ass him och bal gelongen... e Samschdeg de Moien op der 8. Special huet en awer e Steen ze pake kritt, deen an enger Heck verstoppt louch. Dobäi gouf d'Ophänkung vu sengem Ford Puma sou staark beschiedegt, dass en fir de Recht vum Samschdeg ausgefall war.

© Nikos Katikis / DPPI via AFP
E Sonndeg konnt de Grégoire Munster awer nees starten an déi lescht 6 Speciallen nach ouni groussen Drama hannert sech bréngen. Domat huet e weider wichteg Erfarungen op dësem ganz speziellen Terrain konnte sammelen, an duerch dat neit Punktereglement, hëlt hien och nach 2 Punkten aus der Sonndeswäertung mat heem. Et war net dat wat e sech erhofft hat, well eng Plaz an den Top5 wier méiglech gewiescht, dat och bedéngt duerch déi vill Platten, respektiv technesch Problemer déi d'Konkurrenten un der Spëtzt haten. Um Enn ass et Plaz 15 fir de Grégoire Munster an de Louis Louka. Si wëlle beim nächste WM-Laf a Kroatien e bessert Resultat afueren.
Staark Leeschtung vum Charles Munster
Duerch eng Finanzsprëtz vu lokale Sponsoren am Kenia, konnten de Charles Munster a säi Copilot Loïc Dumont op engem Hyundai i20 N Rally2 aus dem Haus BMA un den Depart vun dësem Weltmeeschterschaftslaf goen. Si hu sech ganz gutt aus der Affär geschloen, a wann eng gebrachen Ophänkung um Samschdeg se net bal 15 Minutte kascht hätt, wier d'Resultat nach en Tick besser. Ma och esou konnte si duerch konstant Zäiten an ouni grouss Feeler eng exzellent 3. Plaz an der WRC2-Challenger-Wäertung erausfueren, hannert Kajetanowicz/Szczepaniak op Skoda Fabia a Ciamin/Roche op Hyundai i20.

© Nikos Katikis / DPPI via AFP
An der WRC2-Wäertung ass et eng gutt 5. Plaz, déi dominéiert gouf vum Gus Greensmith a Jonas Andersson um Wierks Skoda Fabia RS Rally2. D'Britte behaapte sech virun Oliver Solberg an Elliott Edmondson, och op Skoda Fabia. Plaz 3 geet hei un de Kajetan Kajetanowicz an de Maciej Szczepaniak (Skoda Fabia).
Am Generalklassement ass et um Enn eng gutt 13. Plaz fir de Lëtzebuerger-belschen Duo. Ouni déi verlueren Zäit op der 13. Special wier Plaz 11 dra gewiescht, respektiv Plaz 2 an der WRC2-Challenger-Wäertung.
Alles an allem kënne si awer méi wéi zefridde sinn, mat hirem éischte gemeinsamen Optrëtt bei engem WM-Laf. Et däerf ee gespaant sinn, wou een déi zwee dës Saison nach um Depart wäert gesinn.
Toyota huet dominéiert
Un der Spëtzt war et eng dominant Victoire vun den aktuelle Weltmeeschter Kalle Rovanperä a Jonne Halttunen op Toyota GR Yaris Rally1. Si hunn um Sonndeg näischt méi ubrenne gelooss a sinn och kee Risiko agaangen. Si gewannen um Enn mat 1min37 Virsprong op hir Teamkolleegen Takamoto Katsuta an Aaron Johnson och op Toyota Yaris.

© AFP
Plaz 3 geet un d'Coequipiere vum Grégoire Munster. Den franséischen Duo Adrien Fourmaux an Alexandre Coria komme mam Ford Puma Rally1 eng weider Kéier op de Podium, nodeems se schonn a Schweden deen Exploit erreeche konnten.
An der WM ka sech den Thierry Neuville elo ganz liicht ofsetzen op Plaz 1, virum Elfyn Evans op Plaz 2 an dem Adrien Fourmaux op Plaz 3.
Vum 18.-21. Abrëll geet et dann a Kroatien op Asphalt weider.