Den Aly Kridel ass dëse Sonndeg am Alter vu 86 Joer gestuerwen

© Ketty a Rom Hankes
De Lëtzebuerger Automobilsport huet ee vu senge ganz grousse Piloten op dësem Ouschtersonndeg verluer.
Den Aly Kridel war 24 Joer laang am Automobilsport aktiv, sief et als Pilot, Co-Pilot oder Mecanicien. No senger aktiver Karriär ass hie Sportkommissaire an der Lëtzebuerger Automobilsportfederatioun beim ACL ginn.
Seng éischt Course ass hien 1961 gefuer, dat war eng Biergcourse vu Waarken op Buerschent. Dat Joer drop ass en du Slalom an och Biergcourse gefuer.
Besonnesch de Rallye louch dem Aly Kridel um Häerz. Hei huet hien och säi gréisste Succès konnte feieren, wéi hien 1981 den EM-Laf op Madeira (Portugal) gewanne konnt. Zu Funchal fënnt ee säin Numm, zesumme mat deem vu sengem Copilot Paul Dunkel, nach op enger Plaquette an der Groussgaass, wou all d'Gewënner vun dësem EM-Laf geéiert ginn.
Hien ass bis elo deen eenzege Lëtzebuerger Pilot, deen ee Rallye-EM-Laf gewanne konnt.
A sengem Palmarès stinn ënnert aneren nach 5 "Volant d'Or", dëst aus de Joren 1968, 1969, 1973, 1975 an 1976.
Besonnesch houfreg war den Aly Kridel op seng Leeschtung bei der Rallye Akropolis, wou hie mam Léon Linden op engem Ford Escort Grupp 1 gefuer ass, a sech hei ënnert anerem mam Walter Röhrl duelléiert huet, dee se souguer op enger Special iwwerhuele konnten.

© Ketty a Rom Hankes
Och am héijen Alter huet een den Aly Kridel ëmmer nees um Bord vun diverse Rallyë gesinn, sief et beim Rallye Lëtzebuerg, bei Rallyen an der Belsch oder souguer bei ganz klenge Rallyen an Däitschland, wou hien déi Lëtzebuerger Piloten ugefeiert huet.
Op dësem 31. Mäerz 2024 ass den Aly Kridel friddlech ageschlof, dat a Presenz vu sengen zwee Bouwen.
Der Famill vum Aly Kridel drécke mer eist häerzlecht Bäileed aus.