1. Victoire fir de Gil Linster
E Samschdeg huet den Teamkolleeg e gutt Resultat vum Gil Linster verhënnert, e Sonndeg ass dunn awer eng Victoire erausgesprongen.
En Ufank mat gemëschte Gefiller gouf et dëse Weekend fir de Lëtzebuerger Gil Linster bei der éischter Course vun der Nascar Whelen Euro Series am spuenesche Valencia.
Gil Linster, de Séiersten an der Qualifikatioun
Nodems de Mann aus dem Hendriks-Motorsport-Team sech optimal op déi nei Saison virbereet huet, an dat net nëmme mat enger Partie neie Sponsoren, mee och mental a physesch an Toppform ass, huet hien um Freideg senge Géigner gewisen, dass dëst Joer mat him ze rechnen ass am Kampf ëm den Titel. Am éischte fräien Training goung et nach ëm Reglage um Auto an am zweete fräien Training war de Lëtzebuerger de Séiersten. Um Samschden an der Qualifikatioun huet de Gil Linster sech mat enger Zäit vun 1:41.406 Minutten deementspriechend op d'Pole Position gestallt, dat viru sengem Hendriks-Teamkolleeg Martin Doubek #7 an dem Éisträicher Patrick Schober #3. "Den Toyota Camry mat der Nummer 50 gesäit a sengem neien Design mat neie Sponsoren net nëmme gutt aus, mee e fiert och ganz gutt. D'Mecanicienen hunn iwwer de Wanter gutt Aarbecht geleescht", sou de Gil Linster no der Quali.
Teamkolleeg suergt fir Platte beim Lëtzebuerger
Virum Start vun der éischter Course sot de Lëtzebuerger am Interview mam Streckespriecher: "Ech hoffen, dass mäin Teamkolleeg fair bleift a mir zwee am Numm vum Team eis d'Liewen net schwéier maachen". Wéi wann de Gil Linster et gespuert hätt, gouf et schonn an der éischter Kéier en haarden Zweekampf tëscht den zwee Teamkolleegen. Nodeems si Säit u Säit duerch déi éischt Kéier gefuer sinn, huet den Doubek op der riichter Streck emol kuerz no lénks eriwwergezunn an ass dem Gil Linster an den Auto gerannt. Den Doubek, dee bei der Kollisioun onbeschiedegt konnt weiderfueren, konnt um Enn d'Course fir sech entscheeden. De Lëtzebuerger par contre krut bei dem "stupid move", d'Wierder vum ongléckleche Linster, e Platten an huet mussen 2-3 Ronnen an de Boxe stoen. Duerno war d'Course gelaf an domat war dann och déi éischt Defaite vun der Saison notéiert. Trotzdeem ass de Lëtzebuerger nach emol erausgefuer an huet déi séierst Ronn gedréint, fir dass hien um Sonndeg bei der zweeter Course nees op der Pole konnt stoen.
Éischt Victoire vun der Saison fir de Gil Linster
Um Sonnden huet de Lëtzebuerger de Gas e bësse méi laang stoe gelooss fir an déi éischt Kéier eran an huet seng éischt Plaz konnte verdeedegen. Beim Restart no enger "Full Course Yellow" an der drëtter Ronn konnt de Lëtzebuerger sech ofsetzen an hat um Enn knapp 2 Sekonne Virsprong op den Doubek an de Schober. Eng verdéngt Victoire fir de séierste Mann um Circuit. "Super happy", war de Kommentar vum Gewënner. "Hätt mäin Teamkolleeg mech net erausgekickt um Samschdeg, da wäre mer elo op éischter Plaz am Klassement", sot dee gléckleche Gil Linster.