Toyota gewënnt virun den zwee Penske Porschen

© Jeannot Boesen
De Weekend vum 19. bis 21. Abrëll gouf am italieeneschen Imola den zweete Laf vun der WEC (World Endurance Championship) gefuer.
Mat 36 gemellten Autoen, opgedeelt an der Hypercar, wéi och an der LMGT3-Klass, war et dat gréisste Starterfeld, dat jee op dëser Streck gefuer ass. No de Reegelännerunge fir 2024 sinn dat déi zwou eenzeg Klassen, déi an der WEC untrieden.
Eng ganz Partie nei Hiersteller hunn den Interessi un dëser Meeschterschaft fir sech entdeckt an esou fënnt ee bei den Hypercars mat Toyota, Alpine, BMW, Cadillac, Ferrari, Lamborghini, Porsche, Peugeot an Isotta Fraschini net manner wéi 9 Hiersteller.

Bei den LMGT3-Autoe sinn et der och 9 mat Porsche, BMW, Lamborghini, Lexus, Ferrari, Corvette, McLaren, Ford an Aston Martin, déi sech d'Präisgelder deelen. Et boomt also an der WEC 2024 an et dierft interessant ginn, wien um Enn vun der Saison d'Nues vir huet.

Nodeems bei der Optakt-Course, den 1.812 Kilometer vu Qatar am Mäerz, de Podium mat de Plazen 1 an 3 komplett an der Hand vu Porsche (Team Penske) - mam Lëtzebuerger Francis Schammo als Team-Manager - war an 3 an dem Team Jota op Plaz 2, war ee gespaant, wien an der Emilia Romana triumphéiere géif.
Um Samschden am Qualifying war et de Wierks-Ferrari #50 mam Team Fuoco/Molina/Nielsen, déi mat 1:29.466 min déi séierst Zäit an den Asphalt gebrannt huet. Op der zweeter Plaz war dee vun AF Corse als drëtte gemellte Ferrari #83 mat Kubica/Schwartzmann/Ye, virum zweete Wierks-Ferrari #51 mat Pier Guidi/Caldo/Giovanazzi op Plaz 3.

Op de Plaze 4 a 5 sinn déi zwee Penske Porsche gestart. Bei de GT3-Autoe war de Porsche vum Team Manthey #92 mat Malykin/Sturm/Bachler de séiersten, virum Aston Martin #27 mat James/Mancinelli/Riberas an op der drëtter Plaz de WRT BMW #46 mat Al Harthy/Rossi/Martin. Eng respektabel 5. Plaz gouf et fir d'Ekipp vun Iron Dames mam rosa Lamborghini #85.

No engem heftegen Onwieder mat extreme Wandstéiss um Samschdeg den Owend, déi d'Ausmoosse vun engem Tornado haten, huet déi ganz Pist musse gebotzt ginn, ier d'Autoe vun de Vir-Courssen op d'Streck gelooss goufen. Mä pünktlech um 13 Auer war bei sonnegem Wieder de Start vun de WEC 6 Hours Imola.
Vun der éischter Ronn un hunn d'Ferrarien den Toun uginn, hannendrun déi zwee Penske Porschen an déi zwee Toyotaen. Bei de GT3-Autoe gouf et e klenge Mëssel beim Start, sou dass de Porsche #91 sech op Start an Zil gedréint a liicht d'Mauer beréiert huet. Doduerch goufen d'Fraen am rosa Lambo irritéiert a sinn e puer Plazen zréckgefall. No enger gudder Stonn haten d'Iron Dames du Feierowend no engem weideren Accident.

De Porsche #92 hat vun Ufank un d'Nues virun den zwee BMWen #46 an #31 vum WRT Team. Et war eng spannend Course mat ville Positiounswiessel wéinst de Ravitaillementen an enger Rei Gielphasen. No 4 Stonnen huet en heftege Reen e gréissere Chaos verursaacht. Déi beschte Reaktioun an dat néidegt Gléck haten déi zwee Toyotaen #7 an #8 an de Penske Porsche #6. Wéi d‘Pist nees ugefaangen huet dréchen ze ginn, war et eng Course an der Course, wien am séiersten d'Slicks opleet fir d‘Endphas.

An enger extrem spannender Schlussphas huet de Kevin Estre am Penske Porsche #6 den Drock op de Leader Kamui Kobayashi am Toyota #7 erhéicht, mä et ass net méi duergaangen, fir déi éischt Victoire vun Toyota dëst Joer ze verhënneren.

Op déi drëtt Plaz kënnt de Penske-Porsche #5 mam Matt Campbell um Steier. Déi dräi Ferrarien hu sech an der entscheedender Phas beim Pneuewiessel verzockt. Domat war dat bescht Resultat, wat ee vun deenen 3 erausgefuer ass, eng véiert Plaz.
Bei de GT3-Autoe gewënnt de BMW #31 mat Farfus/Leung/Gelael virum BMW #46 mat Al Harthy/Rossi/Martin. Op déi drëtt Plaz kënnt de Manthey-Porsche #92 mat Malkhyn/Sturm/Bachler. Déi nächst Course ass vum 9. bis den 11. Mee zu Spa/Francorchamps.