Drëtt Course, drëtte Gewënner bei de 6 Stonne Spa
Dëse Weekend gouf déi drëtt Manche am World Endurance Championship (WEC) um 7 Kilometer laangen Ardennen-Circuit zu Spa/Francorchamps gefuer
Et ass all Joer sou ze soen d’Generalprouf virun de 24 Stonne vu Le Mans. No deene gudde Resultater beim Optakt zu Katar a beim zweete Laf zu Imola stinn d’Pilote vun den zwee Penske Porsche #6 (A.Lotterer, K.Estre an D.Vanthoor) a #5 (M.Campbell, M.Christensen an F.Makowiecki) op der éischter, respektiv drëtter Plaz am Klassement. Tëscht deenen zwee Porschen op der zweeter Plaz ass no hirer Victoire an Italien d’Ekipp vum Toyota #7 (M.Conway, K.Kobayashi an N. de Vries). Bei den LMGT3-Autoe fanne mer op der éischter Plaz den Aston Martin #27 vum Team Heart of Racing (I. James, D. Mancinelli an A. Riberas) virum Porsche #92 vum Team Manthey Purerxcing ( A. Malikhin, J. Sturm a K. Bachler) an dem BMW #31 vum Team WRT (D. Leung, S. Gelael an A. Farfus).
Bei wonnerschéinem Fréijoerswieder war et extrem spannend am Qualifying um Freiden. An der LMGT3-Klass gouf et déi éischt Iwwerraschung vun den Iron Dames mam Sarah Bovy, déi mat 2:20.755 min hire Lamborghini #85 op d’Pole Position gestallt huet. Hannendrun op der zweeter Plaz de United McLaren #95 mam Joshua Caygill an op der 3. Plaz de WRT BMW #46 mam Ahmad Al Harthy. Den Aliaksander Malykhin um Manthey Porsche #92 hat en heftege Crash, bei deem hien ënner anerem eng Gehiererschütterung erlidden huet. Den Auto war esou schwéier beschiedegt, dass kee méi un e Start e Samschdeg gegleeft huet. Ma seng Ekipp huet schnell reagéiert an en Auto aus der NLS op Spa bruecht an no enger hallwer Nuetsschicht stoung de Porsche #92 Samschdes op der Startlinn.
Bei den Hypercars huet den AF Corse Ferrari 499P #50 mam Antonio Fuoco mat 2:02.600 min d’Pole virum Matt Campbell um Penske Porsche #5 erausgefuer. Op der 3. Plaz stoung de Cadillac #2 mam Alex Lynn um Volant. Nom technesche Kontroll krut de Ferrari #50 eng Strof, well den Auto 1 Kilogramm ze mann op d’Wo bruecht huet.
E Samschdeg um 13.00 Auer war de Start vun de 6-Stonne-WEC Spa bei sonnegem Fréijoerswieder mat bis zu 25 Grad. Déi sëllegen Zuschauer hu spannende Motorsport gesinn. Vun Ufank u gouf et op alle Plazen Zweekämpf mat der enger oder anerer Beréierung, wouduerch zum Beispill de Penske Porsche #5 mam Michael Christensen an d’Pneue gerutscht ass. De WRT-BMW #46 mam Ahmad Al Harthy koum dem Jota-Porsche #38 mam Philip Hansen net aus dem Wee, allebéid hu mussen opginn. De Cadillac #2 hat en Dréier an ass e puer Plazen zréckgefall. Fir e kuerze Moment war de Peugeot #94 un der Spëtzt, déi zwee Ferrari #50 an #51 sinn no Vir komm an hunn ëm eng Podiumsplaz musse kämpfen.
Déi meescht Zäit war de Proton Porsche #99 un der Spëtzt. No 4 Stonnen a 15 Minutte gouf et e roude Fändel, well den Earl Bamber am Cadillac #2 ze vill ongedëlleg war an op der Kemmel Ligne Droite dräi Autoe mateneen iwwerhuele wollt. Dobäi krut hien mat héijer Vitesse de WRT-BMW #31 ze paken an ass du säitlech an d’Schinne geflunn. Dës goufen esou schwéier beschiedegt, datt si, zesumme mam Sécherheetsdrot hu musse gewiesselt ginn, wat eng Zäit gedauert huet.
Um 19.00 Auer huet den Organisateur decidéiert, dass nach annerhallef Stonn soll gefuer ginn. Beim Restart um 19.10 goung et genau esou spektakulär weider, wéi am Ufank vun der Course. Vill Positiounswiessel an um Enn gouf et den drëtte Gewënner bei der drëtter Course. Déi éischt Kéier gewënnt mam Callum Ilott an Will Stevens um Jota Porsche #12 e privat Team virum Penske Porsche #6 mat A. Lotterer, K. Estre an L. Vanthoor an dem Ferrari AF Corse #50 mat A. Fuoco, M. Molina an N. Nielsen.
Bei den LMGT3-Autoe gewënnt de Porsche #91 mat Y. Sholin, M. Schuring an R. Lietz virum Porsche #92 mam A. Malykhin, J. Sturm an K. Bachler allebéid vum Team Manthey an de Lamborghini vum Team Iron Lynx #60 mat C. Schiavoni, M. Cressoni an F. Perera. D’Iron Dames mam rosa Lamborghini #85 kommen op déi 4. Plaz.
Déi nächst Course sinn d’24 Stonne vu Le Mans de 14. bis de 16. Juni.