De Jeannot Boesen war fir RTL als Fotograf bei de 24h vu Le Mans akkreditéiert an huet d'Geleeënheet genotzt, fir sech de Musée des 24 Heures unzekucken.

De Musée, deen ursprénglech 1961 a Kollaboratioun vum Automobile Club de l’Ouest mam Conseil Général de la Sarthe gegrënnt gouf, ass 1991 direkt nieft d’Entrée vum Circuit Bugatti verluecht ginn. Am Joer 2009 gouf d’Gebai vu Grond op erneiert an zanterhier steet do eng vun de wäertvollste Sammlunge mat knapp 100 Renn- a Stroossenautoen. De Schwéierpunkt vun dëser Sammlung besteet aus Rennween, déi zu Le Mans un de Depart gaangen an deelweis och gewonnen hunn. Ausserdeem beschäftegt ee sech mat franséische Modellen aus den Ufäng vum 20 Joerhonnert. Deemools huet Frankräich mam Amédé Bollée zu de féierenden Autosproduzente gezielt. En Dampkessel-Auto vun 1893, en Tricycle vun 1908 an e Léon Bollée Type G1 vun 1912 stinn am Agang zu der grousser Hal.

D'Mark Alpine an hir Geschicht mat de Courssen zu Le Mans

Speziell Expoe fir besonnesch Uläss oder vu spezielle Marke wiesselen am Musée all zwee bis dräi Méint. Am Moment sinn et d’Renault Alpine, déi den Haaptsujet vun dëser Ausstellung ausmaachen. Do fënnt een ënner anerem e Renault Alpine A110 Stroossenauto, en M63, wat den éischte Sportswon vun Alpine war, deen als Courseauto 1962 entwéckelt gouf. 1966 gouf zu Le Mans mam Alpine A 210 a 1969 mam Alpine A220 gefuer. Béid Autoe si knapp an d’Top10 gefuer. Och nach ausgestallt ass den Alpine A441C vun 1973 an den A442B vun 1979, deen an deem Joer zu Le Mans eng drëtt Plaz eragefuer ass.

RTL

© Jeannot Boesen

E Bléck op d'Autoen, déi zu Le Mans gefuer sinn

Direkt am Agang steet eng aussergewéinlech, wéi och extrem wäertvoll Sammlung. An enger gutt 15 grousse Vitrinne sti mat ganz wéinegen Exceptioune Modellautoen am Moossstaf 1:43 vun alleguer den Autoen, déi jeemools zu Le Mans gefuer sinn. Et ass esou surreal, mee et ass eng eenzegaarteg Ausstellung, wann ee bedenkt, datt do ganz al a rar Modeller dobäi sinn.

RTL

© Jeannot Boesen

An der grousser Hal sti Rennautoe vun 1923 bis 2020, déi un d’Geschicht vun de 24 Stonne vu Le Mans erënneren. Ganz am Ufank den eelsten Auto, deen zu Le Mans gefuer ass. Et ass e Bentley 3 Liter Sport, de Gewënner vun 1924 mam John Duff a Franck Clément um Steier. Donieft e Chenard & Walcker vun 1925, deen op déi 10. Plaz am Generalklassement koum. En Tracta Gephi gouf Siwenten am Joer 1927 oder e Salmson vun 1928, en englesche Singer Nine vun 1931, esou wéi e Simca Gordini vun 1932 sti bei de Raritéiten aus der Virkrich-Epoche.

Zu de Ween aus der Nokrichszäit gehéieren e Ferrari 166 MM, en D.B. (Deutsch-Bonnet) Tank an e Renault 4 CV, alleguer vun 1949. Aus de 1950er Jore fanne mer e Jaguar Type C vun 1954, e Porsche 550 RS Spyder vun 1955 oder e Lotus Eleven vun 1956. Et geet weider an den Dekade vum Laangstreckesport mat engem René Bonnet vun 1961, engem Porsche 904 GTS vun 1964 an engem AC Cobra vun 1965. Aus Italien kënnt de Ferrari 365 P2 vun 1966, den CD SP66, dee vum Charles Deutsch no der Trennung mam René Bonnet an Eegeregie gebaut gouf, an e Porsche 906 vun 1968. Vun 1966 bis 1969 huet de Ford GT40 d’24-Stonnen dominéiert. E ganz rare GT40-GT101 R vun 1964 steet am Musée nieft engem GT40 MKII vun 1965.

De Porsche 917K huet 1970 an 1971 direkt zwee Mol zu Le Mans gewonnen a wie kennt den hellbloen Auto mat der oranger Sträif net aus dem Film mam Steve McQueen? Den 917 LH (Langheck-Versioun) huet ni zu Le Mans gewonnen. Nieft dem Alfa Romeo 33 TT3 vun 1972 steet och e Ferrari 512 vun 1973 an dee vun de Fransousen héich geluefte Matra Simca MS670B, mat deem den Henri Pescarolo zwee Mol 1974 a 1975 gewonnen huet.

RTL

© Jeannot Boesen

Eng Rei kleng Maquetten, déi d’Situatioun an der Boxegaass wärend de 24 Stonnen duerstellen, sinn tëscht den Autoen opgeriicht a stelle ganz real d’Hektik duer, déi deemools an och haut wärend engem Boxestopp an der Boxegaass ass.

RTL

© Jeannot Boesen

Um Wee fir zréck an eng Etage méi déif stinn dräi Autoe vum Konstrukteur a Pilot Jean Rondeau. Hien huet sech 1980 säi Liewensdram erfëllt andeems hie mat sengem Rondeau M379B d’24 Stonne gewonnen huet. Duerno geet et weider mat den typesche Groupe-C-Autoe wéi zum Beispill de Porsche 956 vun 1982, dee gläich véier Mol vun 1982 bis 1985 gewonnen huet. Donieft steet de Jaguar XJR9 LM, deen 1988 op der ieweschter Plaz vum Podium war. Als éischten Auto mat engem Wankelmotor huet de Mazda 787B 1991 zu Le Mans gewonnen. De Peugeot 905 vun 1991 huet sech 1992 an 1993 an de Palmarès vum Klassiker ageschriwwen. An der selwechter Linn steet en Toyota 94CV, deen d’Course an der Sarthe 1994 op der zweeter Plaz fäerdeg gefuer ass. Dat selwecht Resultat hat den Toyota GT-One 1999 opzeweisen. Den Audi R8 aus dem Joer 2000 huet zu Le Mans net manner wéi fënnef Mol gewonnen. Am Joer 2003 gouf déi Serie ënnerbrach duerch eng Victoire vum Bentley Speed 8, deen am Originalzoustand am Musée ze gesinn ass. Vis-à-Vis steet den Audi R10 TDI vun 2006, deen als éischten Diesel vun 2006 bis 2008 gewonnen huet.

2009 huet de Peugeot 908 HDI FAP nees d’Serie vun den Audi-Victoiren ënnerbrach an 2015, 2016 an 2017 war et nees eng Kéier Porsche, déi sech zu Le Mans konnten duerchsetzen, dëst war den 919 Hybrid. An de Joren 2018, 2019 an 2020 stoung nees mam Toyota TS050 e Japaner op der ieweschter Plaz um Podium.
 
De Musée an der Sarthe ass op jiddwer Fall eng Visitt wäert. Déi Leit, déi beim 24-Stonne-Klassiker dobäi sinn, solle sech onbedéngt de Musée ukucken. An et kann ee soen, datt et déi Sammlung vun de Modellautoe keng zweete Kéier op der Welt gëtt.