Chester Kieffer steet zu Spa an enger F4-Course ganz uewen um Podium

© Igor Sinitsin
Dëse Weekend ass déi 3. Manche vum franséische Formel-4-Championnat um legendäre Circuit vu Spa-Francorchamps gefuer ginn.
De Ree spillt ëmmer eng Roll an den Ardennen. Dowéinst ass déi 1. Course vum Weekend ënner naasse Konditioune gefuer ginn. Den Chester Kieffer huet dës Konditiounen an der Qualifikatioun awer gutt geréiert an ass vun der 3. Platz an d'Course gaangen. De Lëtzebuerger konnt, no engem Accrochage vu senge Konkurrenten am 1. Tour, bis op déi 1. Plaz no vir fueren, fir um Enn dës Course dann och ze gewannen.
An der zweeter Course vum Weekend gëtt bekanntlech de "Reverse-Grid" applizéiert. Dëst op Basis vum Qualifikatiounsresultat. Dowéinst ass den Chester Kieffer vun der 8. Plaz gestart. Dës Reegel huet fir eng spannend Course mat villen Iwwerhuelmanöver gesuergt. Dem Formel-4-Pilot ass et gelongen, Plaze guttzemaachen an de Lëtzebuerger huet et fäerdegbruecht, sech bis op déi 5. Platz no vir ze kämpfen, fir esou weider wichteg Punkten am Championnat ze sammelen.
De Safety Car koum an der leschter Course vum Weekend an den Asaz, dat opgrond vun engem Accident an der 1. Ronn. Beim Restart konnt de Leader vum Championnat, de Japaner Taito Kato, den Chester Kieffer iwwerhuelen. Kuerz drop gouf et en zweeten Accident, dee fir eng zweet Safety-Car-Phas gesuergt huet. D'Course gouf net méi relancéiert an den Chester Kieffer ass als 4. iwwert de wäisse Stréch gefuer.
Am franséische Formel-4-Championnat läit de Lëtzebuerger den Ament mat 101 Punkten op der 4. Plaz am General, konnt dëse Weekend awer de Réckstand op déi Pilote virdru reduzéieren.
Déi nächst Coursë vum Championnat ginn de 26. bis den 28. Juli um Nürburgring an Däitschland gefuer.