Lëtzebuerger Autosportler vum Joer 2025Den Dylan Pereira ka sech den Titel eng véierte Kéier sécheren

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Owend war zu Wickreng d'Soirée du Sport Automobile, organiséiert vun der Lëtzebuerger Automobilsportfederatioun ACLSport.
© RTL Lëtzebuerg

Hei goufen d’Championen aus deene verschiddene Competitioune geéiert, vum Karting, iwwert Biergcourse bis Rallye. Dobäi kommen awer och nach d’Titelen an der Coupe des Dames an an der Nowueswäertung.

Wien do alles e Präis géif kréien, war jo am Fong duerch d’Resultater vun zejoert bekannt. Ma een Titel stoung awer nach op, an dat war dee vum “Autosportler vum Joer”. An hei goung den Titel fir déi 4. Kéier un den Dylan Pereira. Op d’Plazen 2 an 3 koumen de Justin Flammang an de Grégoire Munster.

Den Dylan Pereira annoncéiert an der nächster Woch säi Programm fir 2026. Och do ass RTL mat um RDV.

Back to Top
CIM LOGO