De Porsche Supercup ass zu Spielberg fir säi spannende Motorsport bekannt, an och dëst Joer goufen d’Supporter net enttäuscht. 

Vun der éischter Positioun, ass de Marvin Klein an d’Course gaangen an direkt hannert him stoung säi Coequipier a Leader vum General Larry Ten Voorde. Et sollten turbulent Startronne ginn, mat engem Larry Ten Voorde, den sech mat engem klore Kapp a senger Routine direkt no vir gekämpft huet.

Hannert him war sech seng direkt Konkurrenz, wéi Harry King a Marving Klein, net ëmmer ganz eens an et koum Deels zu spektakuläre Situatiounen.

E weidere Profiteur vun dëser Startphas war de Keagan Masters, deen awer am Laf vun der Course d’Pneue manner gutt geréiert huet. Hien huet sech spéider misse géint de King a Klein geschloe ginn.

De Larry Ten Voorde huet och dës Course nees geréiert a schéint den Ament net ze schloen ze sinn :
Et ass seng drëtte Victoire an der drëtter Course. Domat ass hien am General mat 75 Punkten elo 10 Punkte virum Harry King.

Sidd de 7. Juli nees live op RTL.lu mat dobäi, wann de Britt Harry King Doheem d’Méiglechkeet huet, den zweemolege Champion unzegräifen an den Ecart schmëlzen ze loossen.