Dylan Pereira wënnt 24 Stonne vu Spa

© Porsche Carrera Cup France
Bei schwéiere Wiederkonditiounen huet sech de Lëtzebuerger Pilot zesumme mat sengen dräi Teamkolleegen déi éischt Plaz am Bronze Cup geséchert.
De Weekend stoung an de belschen Ardennen den 100. Jubiläum vun der 24-Stonne-Course zu Spa um Programm. Am Audi R8 LMS GT3 EVO II konnt sech den Dylan Pereira mam Andrey Mukovoz, Max Hofer an dem Aleksei Nesov d'Victoire an der Bronze-Cup-Wäertung sécheren. Am General gouf et um Enn déi 10. Plaz.
D'Course war dobäi alles anescht wéi roueg verlaf. Géint 23 Auer e Samschdeg den Owend hat et immens staark ugefaange mat reenen, sou datt ee groussen Deel an der Nuecht hannert dem Safety-Car huet misse gefuer ginn. Den Dylan Pereira huet seng Qualitéiten hannert dem Steierrad awer eng weider Kéier ënner Beweis gestallt a konnt am Reen tëschenzäitlech d'Beschtzäite vum Circuit fueren.
Fir de Lëtzebuerger Pilot geet et schonn e Méindeg weider a Richtung Thailand, wou den nächste Weekend zu Bangsaen déi nächst zwou Coursse vum Porsche Carrera Cup Asien um Programm stinn.