E Sonndeg war a Polen déi siwent Manche vun der Rallye-WM.

Hei gouf et eng Victoire vum aktuelle Weltmeeschter Kalle Rovanperä, deen domat déi zweet Course an der aktueller Saison wanne konnt. Den Toyota-Pilot huet um Enn mat engem Virsprong vun 28,3 Sekonnen den Teamkolleeg Elfyn Evans hannert sech gelooss. Déi drëtt Plaz war fir den Adrien Fourmaux am Ford mat engem Retard vun 42,7 Sekonnen. De Lëtzebuerger Pilot Grégoire Munster ass dobäi de Siwente ginn.

No siwe vun 13 Manchen ass den Thierry Neuville mat 136 Punkte weider Leader am Generalklassement. Do hannendru stinn den Elfyn Evans (121) an den Ott Tänak (115) op de Plazen Zwee an Dräi.

Weider geet et vum 18. bis den 21. Juli mat der Rallye-WM a Lettland.